Connect with us

Questions parlementaires

Wéi kennt een un d’Donnéeën vun engem fixe Radar?

Mir wëlle vun der Regierung wëssen, wéi eng Rechter Beschëllegter hunn, déi vun engem fixe Radar geblëtzt gi sinn. Des Weidere wëlle mir wëssen, ob an Zukunft d’Läit iwwert Internet hir Extraiten vun de Fotoen ufroe kennen.

Hei ass eis Fro:

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Mobilitéit, Justiz & Digitalisatioun weiderzeleeden.

Wéi déi däitsch Medie mellen, ginn et bei eisem Nopeschland vill Problemer mat de fixe Radaren, well et bei de Miessungen oder bei der Auswäertung vun den Donnéeë säitens de Ministèren ëfters zu Feeler kennt. Feeler, déi viru Geriicht awer schwéier noweisbar sinn, well et de Beschëllegten onméiglech gemaacht gëtt un d’Miessdonnéeën, déi sougenannten Rohmessdaten, vun de Maschinnen ze kommen. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Späicheren déi automatesch Radaren, déi fir d’Aufgabe vum Système de contrôle et de sanction automatisés zu Lëtzebuerg installéiert goufen, och d‘Rohmessdaten zum Zäitpunkt vun der Infraktioun of? 
    • Falls jo, wou a wéi laang sinn dës Donnéeë gespäichert?
    • Besëtzen Beschëllegter zu Lëtzebuerg ee Recht dorobber, een Extrait vun dësen Donnéeën ze kréien? Falls nee, firwat net?
  • Aktuell kann ee Beschëllegten d’Foto, op der den Tatbestand ze gesinn ass, just am Büro CSA zu Bartréng consultéieren. Wär et, am Kader vun der vill gepréidegter Digitaliséierung, denkbar, dass den Accès zur Foto iwwert eng elektronesch authentifizéiert Demande (i.e. Myguichet) geschéihen kéint? Wëll d’Regierung dëst an d’Weër leeden?

Mat déiwem Respekt,
Marc GOERGEN
Députéierten

208163

Continue Reading
1 Comment

1 Comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert