Wéi sécher ass d’Kommunikatioun vu Regierungsmemberen?

Ëmmer erëm kënnt et vir, dass héij politesch Vertrieder oder Privatpersounen hieren Telefon gehackt kréien. Dat weist, dass souguer Persounen op héije Poste kënnen ausspionéiert ginn, wann hir Kommunikatioun net verschlësselt ass. D’Donnéeën, déi den Datendéif an dem Fall klaut, kënnen, wann se an déi falsch Hänn geroden, ee grousse Schued uriichten. Virun allem ëffentlech Mandatsdréier, wéi Ministeren, sinn engem héije Risiko ausgesat, ausspionéiert ze ginn. Aus deene Grënn ass et wichteg, dass Volleksvertrieder op héije Posten hir Kommunikatioun verschlësselen, zum Beispill duerch Cryptohandyen.

Weiderliesen

Diskriminéierung duerch Algorithmen?

De Premierminister a Minister fir Digitaliséierung hat a senger Äntwert op d’Question orale n°72 vum honorabelen Deputéierten Sven Clement vum 19ten November 2019 zum Thema Diskriminéierung duerch Algorithmen geäntwert, dass et bei Prozeduren beim Staat zu kengen Diskriminéierungen fir de Bierger dierft kommen an dass all Bierger gläich behandelt muss ginn. Hie verweist heifir op den Artikel 22 vum europäeschen Dateschutzreglement (RGPD) an och op d’Dokument “Intelligence artificielle: une vision stratégique pour le Luxembourg.”, wou vun enger “Approche centré sur l’humain” Ried ass a méi präziis steet soguer geschriwwen: 

Le gouvernement entend sensibiliser les citoyens à l’IA et les aider à en acquérir une compréhension plus approfondie, afin qu’ils passent du statut de simples consommateurs passifs à celui d’utilisateurs actifs des produits, services et technologies liés à l’IA. Il importe qu’ils prennent conscience tant de ses potentialités que de ses limites. (Säit 10)

De Bundesverband der Verbraucherzentralen und Verbraucherverbändehuet eng ëmfaassend Analyse zur Uwendung vum RGPD fir Verbraucher gemaach an zitt d’Bilanz, dass bei der algorithmescher Gläichberechtegung aktuell nach Problemer bestinn. Ënnert anerem bemängelt de Verband den Artikel 22 vum RGPD, andeems e schreift: 

Ein großes Manko ist ferner, dass Art. 22 DSGVO keine Qualitätsanforderungen an automatisierte Entscheidungen festschreibt. Solche Qualitätsanforderungen sollten sicherstellen, dass Fehler und Risiken von automatisierten Entscheidungen reduziert werden und dass Verbraucher darauf vertrauen können, dass automatisierten Entscheidungen tatsächlich auf Basis valider Annahmen und Modelle getroffen werden. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Regierung Kenntnis vun de Mängel, déi de Rapport op de Säiten 9, 10 an 11 opwerft? 
    • Falls jo, sinn déi zoustänneg Ministeren der Meenung, dass d’Problematik och Lëtzebuerg betrëfft? 
      • Falls jo, wéi eng Konsequenzen zéien déi zoustänneg Ministeren aus der Analyse?
  2. Gesäit d’Regierung een Ulooss, déi national Gesetzgebung z’adaptéieren, fir d’Mängel, déi am Rapport am Zesummenhang mam RGPD genannt ginn, auszemäerzen?
    • Falls nee a falls d’Regierung plangt de Problem iwwert d’EU-Instanzen ze léisen: Wäert d’Regierung d’Thematik am EU-Ministerrot op den Ordre u Jour stellen?  
      • Falls jo, bis wéini?

Mangelnde Dateschutz bei Kanner

De 27ten November huet de Bundesverband der Verbraucherzentralen und Verbraucherverbände ee Rapport verëffentlecht, deen d’Auswierkunge vum europäesche Dateschutzreglement (GDPR) op d’Verbraucher ënnert d’Lup hëllt. An deem Rapport monéiert d’Verbraucherzentrale ënnert aanerem den Dateschutz vu Mannerjäregen. Notamment bemängelt de Rapport

Es muss grundsätzlich ausgeschlossen werden, dass Kinder selbst in die Verarbeitung besonderer Kategorien von personenbezogenen Daten einwilligen können sowie dass Kinder selbst darin einwilligen können einer auf einer automatisierten Verarbeitung beruhenden Entscheidung unterworfen zu werden.

a proposéiert als Léisungsusatz

Es muss sichergestellt werden, dass die besondere Schutzbedürftigkeit von Kindern bei der datenschutzgerechten Systemgestaltung sowie bei datenschutzfreundlichen Voreinstellungen gebührend berücksichtigt wird. (Säit 6 & 7)

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn déi zoustänneg Ministeren mat der Aschätzung vum Rapport averstanen? 
    • Falls jo, wäerten si um nationale Kader legiferéieren, fir ze verhënneren, dass Donnéeë vu Mannerjäreger an automatiséierten Dateverarbeschtungsprogrammer kënnen traitéiert ginn ? 
    • Falls nee a falls d’Regierung plangt de Problem iwwert d’EU-Instanzen ze léisen: Wéini wäert d’Regierung d’Thematik an engem EU-Sommet op den Ordre u Jour setzen?

Kamerabiller bei den CFL – Nofro

A menger parlamentarescher Fro n°1251 wollt ech méi iwwert d’ Iwwerwaachungsmesurë vun der CFL wëssen. D’Äntwert vum Minister liwwert Informatiounen iwwert déi jeeweileg Späicherfristen, d’Accèse souwéi d’Consultatioune vum Iwwerwaachungsmaterial.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. An der Äntwert schwätzt den Här Minister op verschiddene Platze vu befugte Persounen. Wien sinn dës befugte Persounen a vu wiem kréien se hir Autorisatioun ausgestallt? 
    • Falen och d’Zuchbegleeder souwéi d’Lokomotivféierer ënnert dës befugte Persounen? 
      • Falls jo, vu wiem erhalen si d’Autorisatioun? 
      • Hunn dës Persoune speziell Schoulungen hisiichtlech den Dateschutzgesetzer absolvéiert?
  2. Wéi vill Strofdote konnten duerch Videoopnamen vun der CFL an de leschte Joren tatsächlech opgekläert ginn?
  3. A wéi ville Fäll waren d’Opnamen, déi zur Opklärung vun der Strofdot hätte féiere kënnen, scho geläscht de Moment wou d’Police se ugefrot huet?
  4. Bei wéi ville Plainten, déi d’Police am Beräich vum ëffentlechen Transport krut, huet d’Videomaterial een Opschloss iwwert de Virgank vun der Dot ginn? Bei wéi ville net?
  5. Bei wéi ville Plainten, déi d’Police am Beräich vum ëffentlechen Transport krut, konnt d’Videomaterial net benotzt ginn? 

FRO.LU Froen zum Fichier vun der Police

Eng Fro gouf gestallt op FRO.LU :

Säit e puer Méint froe Bierger hei am Land no den Donnéeën, déi d’Police Grand-Ducale am Policefichier iwwert si gespäichert huet. Wéi eis zougedroe gouf, dauert et aktuell laang bis d’Bierger eng Äntwert op hiert Schreiwes kréien. Esou kruute verschidde Läit am Accusé de Réception vun der Police geschriwwe kréien, dass hir Donnéeën hinne bannent 6 Méint zougestallt wäerte ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persounen hunn dëst Joer en Extrait aus dem Police-Fichier ugefrot? 
  2. Wéi vill Persoune kruten hiren Extrait aus hirem Police-Fichier schonn zougestallt? Wéi vill Läit mussen nach waarden?
  3. Bei wéi villen Demanden huet den Traitement méi wéi ee Mount gedauert?

Dir hutt och eng Fro un d’Regierung? Da maacht Gebrauch vun  www.fro.lu

Kamerabiller bei den CFL

An den Zich, de Garen souwéi an de Busser vun den CFL ginn d’Reesender vun Iwwerwaachungskameraen opgeholl. Mam Akraafttriede vum GDPR am Mee 2018 huet sech d’Legislatioun ronderëm den Asaz a Gebrauch vu Kameraen allerdéngs verschäerft. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Ween ass de Responsabele fir den Traitement vun de Videoopnamen, déi an de Waggone, op de Garen souwéi an de Busser vun den CFL opgeholl ginn? 
  2. Wéi eng Persounen hunn Accès op dës Biller a wéi ass den Accès protegéiert? Huet d’Personal vun den CFL een Accès op d’Opnamen? Falls jo, sinn si hisiichtlech dem GDPR forméiert?
  3. Wou ginn d’Videoopnamen an den Zich, Garen a Busser gespäichert a wéi laang?
  4. Wéi vill mol ass d’Videomaterial säit dem Akraafttriede vum GDPR visualiséiert a consultéiert ginn? Wat waren d’Motiver vun de verschiddene Consultatiounen a wéi eng Persounen kruten op dës Donnéeën een Zougrëff?

Gesiichtserkennung mat VISUPOL?

Mir wollten vum Minister fir Bannenzeg Sécherheet wëssen, ob am Kader vum VISUPOL eng Gesiichtserkennungssoftware agesat gëtt. Hei ass eis Fro:

Am Kader vum Ausbau vum Iwwerwaachungssystem VISUPOL stellen sech gewësse Froen zu de Mëttelen, déi dëser Iwwerwaachungstechnologie zu Dispositioun gestallt ginn. Iwwerwaachungskameraen zeechnen nämlech net nëmme Biller op, mee kenne mat verschiddene Softwaren genau d’Identitéit vun enger Persoun identifizéieren. 

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Leeft iwwert de Programm vum Visupol eng Gesichtserkennungssoftware?
    • Falls jo, mat wéi engen Donnéeën gëtt d’Gesichtserkennung bedriwwen?
  2. Greift de Programm vum Visupol am Kader vun der Iwwerwaachung op iergenwelch Datebankenvum Staat zou?
    • Falls jo, wéi eng sinn dat? 
  3. Wou sinn d’Daten, déi am Kader vum Visupol opgehol ginn, gespäichert? Wéi laang bleiwen dës Daten gespäichert?

Alexa, Siri, Google: ween lauschtert mat?

An zwou parlamentareschen Ufroen froen de Marc Goergen an de Sven Clement d’Regierung, ob a wéi Sproochassistenten zu Lëtzebuerg hir Notzer oflauschteren. D’Fro vum Sven ass un de Justizminister an de Minister fir Bannenzeg Sécherheet geriet, d’Fro vum Marc bezitt sech op de Volet Konsumenteschutz. Hei ass d’Fro vum Marc Goergen :

Eng Réi parlamentaresch Ufroen an Däitschland hunn opgeworf, dass déi däitsch Bundesregierung sech iwwert de Bundesnachrichtendienst een Accès op Sproochassistenten a Privatstéit verschafe kann, ob Alexa, Siri  oder Google. Verschidde Sproochassistenten zeechnen net nëmmen d’Befeeler op, déi de Besëtzer him gëtt, mee lauschteren permanent ouni Zoustëmmung d’Ëmgéigend of. Falls dës Methodik wouer ass, handelt et sech ëm een déiwen Agrëff an déi europäesch a lëtzebuergesch Grondrechter souwéi eng Verletzung vum Konsumenten- an Dateschutz. 

Dowéinst, dass d’Regierung sech opgrond vum SREL-Gesetz net ëffentlech zu Froen betreffend dem Fonctionnement vum SREL äussere kann, beschränken ech meng Froen op d’Eegenschafte vu Sproochassistenten, déi éischter an d’Kategorie vum Konsumenten- an Dateschutz falen, och wann eng Ausnotzung vu staatlechen Instanzen, wéi dem SREL, natierlech besuergneserreegend ass.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Besëtzt d’Madamm Konsumenteschutzministesch Kenntnis dovunner, dass Sproochassistenten, déi zu Lëtzebuerg ugebuede ginn, permanent Daten iwwert hiert Ëmfeld asammelen, och wann de Benotzer guer net domadder informéiert ass? Kann d’Ministesch d’Existenz vun der Praxis confirméieren? Wäert si heizou zu Lëtzebuerg investigéieren? 
  2. Ass d’Madamm Ministesch fir Konsumenteschutz der Meenung, dass een als Verbraucher ee Recht dorobber huet iwwert all d’Informatioun an Eegenschaft vun engem Produkt am Virfeld Bescheed ze wëssen? 
    • Ass dëst beim Gebrauch vu Sproochassistenten, wéi bei Alexa, de Fall?
  3. Deckt eng Zoustëmmung vun den AGB of, dass de Sproochassistent och ausserhalb vun der Notzung d’Ëmgéigend ouni Begrenzung oflauschtere kann? Ass des Praxis konform mam Dateschutzgesetz vun 2018 an dem EU-Dateschutzreglement vun 2016? 
  4. Ass d’Regierung der Meenung, dass Produkter, déi zu Lëtzebuerg verdriwwe ginn, dat lëtzebuergescht Dateschutzgesetz vun 2018 befollege mussen? 
  5. Bei digitalen Inhalter existéieren aktuell eng Unzuel u Variabelen bei deenen d’Gesetzer iwwert de Konsumenteschutz oder den Dateschutz un hir Grenze stoussen, dorënner zum Beispill Serveren, déi ausserhalb vun der EU stinn a bei deenen den Dateschutz net gräift oder de Fakt, dass vill digital Produkter vu Firmen ausserhalb der EU stamen an esou d’Konsumenteschutzreegelen heiansdo ausgehiewelt ginn.Ass d’Regierung der Meenung, dass mir zu Lëtzebuerg souwéi an der EU mat Bezuch op digital Produkter
    1. aktuell eng ausreechend Rechtslag am Dateschutz souwéi am Konsumenteschutz besëtzen? Falls jo, wéiass de genannte Fall vun de Sproochassistenten ze erklären?
    2. aktuell déi néideg Kapassitéite besëtze fir d’Rechter vum Dateschutz a vum Konsumenteschutz hei duerchzesetzen?

Mat déiwem Respekt,
Marc GOERGEN
Député

Gëtt d’sexuell Orientéierung a staatlechen Datebanken opgefouert?

Am Kader vun eisen Investigatiounen iwwert d’Datebanke beim Staat (Parlamentaresch Fro vum Sven Clement) hu mir spezifesch nach wollte wëssen, ob an iergendenger vun den Datebanken Donnéeën iwwert déi sexuell Orientéierung beim Staat virkommen a falls jo, ob dëst vu Noutwennegkeet ass.

Hei ass eis Fro:

D’Piraten hunn an der parlamentarescher Ufro n°880 d’Regierung gefrot, wéi eng Datebanken insgesamt beim Staat existéieren a wéi eng Donnéeën hei gespäichert ginn. Et ass mir awer een Uleies komplementär dozou an am Kader vun den LGTBIQ-Rechter ze froen, ob an iergendenger vun den Datebanken beim Staat Donnéeën iwwert d’sexuell Orientéierung vun den agedroene Persounen opgefaasst sinn. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Ginn et Datebanken beim Staat, an deenen d’sexuell Orientéierung vun den agedroene Persounen als Kategorie opgefaasst ass? Falls jo, a wéi engen Datebanken ass dëst de Fall? 
  2. Falls Informatiounen iwwert d’sexuell Orientéierung vu Persoune an staatlechen Datebanke existéieren, ass d’Regierung der Meenung, dass d’Späichere vun dësen Informatiounen an ëffentlechen Institutiounen an Administratiounen vu Relevanz a Noutwennegkeet ass?
    • Falls jo, a wéi enge Fäll ass d’Späichere vun dësen Donnéeë relevant a noutwenneg?
    • Falls nee, ass d’Regierung bereet eng Revisioun vun allen Datebanken duerchzeféieren an d’Informatiounen, déi op eng sexuell Orientéierung hindeiten, ze läschen?

Weider Froen zum “Geheime Casier” vun der Police

Ginn et bei der Police geheim Dossieren iwwer onschëlleg Biergerinnen a Bierger? D’Pirate wënschen sech op dës Fro eng éierlech Äntwert vun der Regierung. An eiser Question parlementaire froen mir eng Opklärung a Bekennung vun de Responsabelen:

Här President, […]

Aus der Äntwert vum Premier Minister Xavier Bëttel op d’parlamentaresch Fro n°640 vum honorabelen Deputéierte
Laurent Mosar (CSV) zu dem sougenannten „Geheime Casier“ geet ervir, dass d‘Police iwwert ee „Fichier central“ verfüügt, dee sämtlech Protokollen a Rapporten regroupéiert, déi vun officiers de police judiciaire (OPJ) an agents de police judiciaire (APJ), konform zum Code de procédure pénale, geschriwwen gi sinn. Dëse „Fichier central“ faasst delikat Informatiounen iwwert d‘Biergerinnen a Bierger an enger Datebank zesummen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Vu wéini un existéiert dee „Fichier central“? Gouf d‘Regierung an der Vergaangenheet vun der Existenz vum „Fichier central“ an d‘Bild gesat? Wa jo, goufen et Bedenken a Saache Sécherheet, Legalitéit an Ethik?
  2. Wéi eng Ministere woussten, säit 2012, iwwert d’Existenz vum “Fichier central” Bescheed, respektiv, wéi
    enge Ministere gouf d’Existenz vun dësem Fichier zougedroen an zu wéi engem Zäitpunkt?
  3. Kéint d’Regierung präziséieren op wéi enger Software de „Fichier central“ vun der Police baséiert an duerch wéi eng Secherheetsoutilen e geschützt ass? Kann de Minister garantéieren, datt dës Base de données adequat géint Cyber-Attacken protegéiert ass?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député