Questions parlementaires
FRO.LU Froen zum Fichier vun der Police
Eng Fro gouf gestallt op FRO.LU :
Säit e puer Méint froe Bierger hei am Land no den Donnéeën, déi d’Police Grand-Ducale am Policefichier iwwert si gespäichert huet. Wéi eis zougedroe gouf, dauert et aktuell laang bis d’Bierger eng Äntwert op hiert Schreiwes kréien. Esou kruute verschidde Läit am Accusé de Réception vun der Police geschriwwe kréien, dass hir Donnéeën hinne bannent 6 Méint zougestallt wäerte ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
- Wéi vill Persounen hunn dëst Joer en Extrait aus dem Police-Fichier ugefrot?
- Wéi vill Persoune kruten hiren Extrait aus hirem Police-Fichier schonn zougestallt? Wéi vill Läit mussen nach waarden?
- Bei wéi villen Demanden huet den Traitement méi wéi ee Mount gedauert?
Dir hutt och eng Fro un d’Regierung? Da maacht Gebrauch vun www.fro.lu