FRO.LU Froen zum Fichier vun der Police

Eng Fro gouf gestallt op FRO.LU :

Säit e puer Méint froe Bierger hei am Land no den Donnéeën, déi d’Police Grand-Ducale am Policefichier iwwert si gespäichert huet. Wéi eis zougedroe gouf, dauert et aktuell laang bis d’Bierger eng Äntwert op hiert Schreiwes kréien. Esou kruute verschidde Läit am Accusé de Réception vun der Police geschriwwe kréien, dass hir Donnéeën hinne bannent 6 Méint zougestallt wäerte ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persounen hunn dëst Joer en Extrait aus dem Police-Fichier ugefrot? 
  2. Wéi vill Persoune kruten hiren Extrait aus hirem Police-Fichier schonn zougestallt? Wéi vill Läit mussen nach waarden?
  3. Bei wéi villen Demanden huet den Traitement méi wéi ee Mount gedauert?

Dir hutt och eng Fro un d’Regierung? Da maacht Gebrauch vun  www.fro.lu

Sécherheet zu Esch

Esch/Uelzecht ass awunnerméisseg déi zweetgréisste Stad an eisem Land. D’Minettemetropole ass eng Stad mat vill Geschicht a Kultur a gläichzäiteg eng Stad op der Sich no enger neier Identitéit. An der Transitiounsphase nom Réckzuch vun der Stolindustrie versicht d’Stad sech selwer eng nei Identitéit ze ginn. An dësem Kader spillt natierlech Esch2022 eng wichteg Roll, well mam Projet vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch seng Identitéit als hip, modern a kosmopolitesch Stad weiderentwéckele soll. 

Allerdéngs ass Esch aktuell net fir seng Kënschtler– a Kulturzeen bekannt, mee virun allem fir d’Onsécherheet a Kriminalitéit. Et brauch ee keng zwou Persounen an der Stad ze froen fir festzestellen, dass d’Perceptioun vun der Sécherheet zu Esch miserabel ass. Ob Drogenhandel, Gewalt am Alldag oder Déifstall, d’Escher Police leeft der héijer Unzuel vun Infraktioune säit Jore hannendrun. Et ass virun allem fir d’Awunner a fir d’Geschäftsleit ermiddend ee Strofdéider den Dag no senger Infraktioun erëm op d’Neies bei enger neier Strofdot ze erwëschen. Als Folge hu vill Mënschen zu Esch d’Vertrauen an d’Justiz ganz verluer a ruffen aus dësem Grond d’Police net méi. D’Strofdéiter selwer schéngen de Respekt virun der Justiz och komplett verluer ze hunn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Opgelëscht pro Joer, wéi vill Infraktioune sinn tëscht 2013 an 2019 an der Gemeng Esch/Uelzecht constatéiert ginn? 
    • Wéi vill Infraktioune betreffen Déifstall?
    • Wéi vill Infraktioune betreffe Gewalt?
    • Wéi vill Infraktioune betreffen Drogenhandel?
  2. Als Vergläich: Opgelëscht pro Joer, wéi vill Infraktioune sinn tëscht 2013 an 2019 
    • op der Stater Gare, 
    • zu Déifferdeng, 
    • zu Péiteng, zu Dikrech, 
    • zu Ettelbréck 
    • an zu Wolz
    constatéiert ginn? 

    • Wéi vill Infraktioune betreffen Déifstall?
    • Wéi vill Infraktioune betreffe Gewalt?
    • Wéi vill Infraktioune betreffen Drogenhandel?
  3. J’ai dû passer au moins un millier d’appels aux autorités. Depuis un an et demi, c’est de pire en pire. Les dealers s’installent, je les mets dehors, puis ils reviennent en me riant au nez.(Auszuch aus engem Artikel aus dem L’essentiel 18ten Oktober 2018)Kann d’Regierung den Onmut an d’Frustratioun vun den Awunner a Geschäftsleit zu Esch novollzéien?
  4. Consideréiert d’Regierung, dass d’Kriminalitéit zu Esch ausser Kontroll geroden ass?
  5. Wat fir eng Mesure wäert d’Regierung ënnerhuele fir d’Sécherheet zu Esch a noer Zukunft ze erhéijen? 
  6. D’Ministere fir Bannenzeg Sécherheet a Justiz haten de leschte Mëttwoch un enger Versammlung am Quartier Stater Gare deelgeholl fir mart den Awunner iwwert d’Kriminalitéit an der Rue de Strasbourg ze diskutéieren. Envisagéiert d’Regierung eng ähnlech Versammlung fir Esch? Falls jo, wéini?

Adressaten

  • Félix Braz – Justiz
  • François Bausch – Bannenzeg Sécherheet
  • Taina Bofferding – Interieur
  • Sam Tanson – Kultur

Sécherheet am Auto

Mir hunn dem Mobilitéitsminister eng Serie Froen iwwert d’Sécherheetsequipementer an Autoe gestallt an ob d’Regierung dës wëll ze fërderen. Rechtsabbiegeassistenten oder automatesch Bremssystemer kënne mënschlech Feelere vermeiden a Liewe retten. Hei ass eis Fro:

An de leschte Jore sinn an der Autosindustrie eng Rëtsch interessant Sécherheetsequipementer virgestallt ginn. Ee rezent Beispill ass ee sougenannte Rechtsabbiegeassisten, bei dem Sensore vum Auto Vëlosfuerer erkennen, déi vun hannen ugefuer kommen an eng automatesch bremsung ausléisen. Aner Equipementer bidden dës automatesch Bremssystemer fir d’Verhënnere vu Frontalaccidenter mat Foussgängeren un. Och d’Beliichtung an den Autoen huet sech an de leschte Jore weiderentwéckelt, soudass Autoe mat LED anstatt mat Halogen equipéiert kënne ginn.

All dës technesch Sécherheetsmesuren existéieren a kënnen dozou bäidroen dat vun der Regierung deklaréiert Zil vun der VISION ZERO, dat heescht d’Reduzéierung vun de Stroossenaffer op 0, ze erreechen. De Mobilitéitsminister huet am Aktiounsplang “sécurité routière” d’Promotioun vu Sécherheetsequipementer als ee vun den Haaptdéfien definéiert. Et ass natierlech ze betounen, dass den Abau vun esou Sécherheetsequipementer an den Autoe Geld kascht. Geld, wat virun allem déi sozial schwaach Akommensklassen an eisem Land net hunn.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wëll de Minister den Abau vu moderne Sécherheetsequipementer a lëtzebuergeschen Autoe promouvéieren? 
    • Falls jo, wéi soll dëst geschéien? 
    • Falls nee, firwat ecartéiert de Minister dës Méiglechkeet?
  2. Vu, dass ënnert der aktueller Regierung d’Luuchtepottoen op den Autobunnen ofgesät gi sinn, wär et do net sënnvoll, déi gespuerte Suen an d’Stroossesécherheet ze investéieren? 
    • Falls dëst geplangt ass, a wéi eng Mesurë wëll de Minister dës Suen investéieren?
    • Ënnert dem Aspekt, wäert de Minister sech dofir asetze modern a sécher Beliichtungstechnologie fir Autoen, wéi zum Beispill de Xenon oder de LED, fir all Autofuerer méi zougänglech maachen?
  3. Wëll d’Regierung de Kaf vu moderne Sécherheetsequipementer an Autoen, ähnlech wéi si et bei den Elektroautoe gemaach huet, subventionéieren?
    • Falls jo, fir wéi eng Sécherheetsequipementer ass dës virgesinn?
    • Falls nee, wéi kënne sozial schwaach Akommensklassen an de Genoss vu modernen a sécheren Autoe kommen?
  4. Consideréiert d’Regierung iergendwann nëmmen nach Neiween zu Lëtzebuerg zouzeloossen, déi modern Sécherheetsequipementer virweise kënnen, wéi zum Beispill den automatesche Bremsassistent? 
    • Falls jo, ab wéi engem Datum gëtt dëst envisagéiert a fir wéi eng Sécherheetsequipementer?
    • Falls nee, rechent d’Regierung domadder, dass de Marché dat vum selwe reegele wäert?