Connect with us

Questions parlementaires

Sécherheet am Auto

Mir hunn dem Mobilitéitsminister eng Serie Froen iwwert d’Sécherheetsequipementer an Autoe gestallt an ob d’Regierung dës wëll ze fërderen. Rechtsabbiegeassistenten oder automatesch Bremssystemer kënne mënschlech Feelere vermeiden a Liewe retten. Hei ass eis Fro:

An de leschte Jore sinn an der Autosindustrie eng Rëtsch interessant Sécherheetsequipementer virgestallt ginn. Ee rezent Beispill ass ee sougenannte Rechtsabbiegeassisten, bei dem Sensore vum Auto Vëlosfuerer erkennen, déi vun hannen ugefuer kommen an eng automatesch bremsung ausléisen. Aner Equipementer bidden dës automatesch Bremssystemer fir d’Verhënnere vu Frontalaccidenter mat Foussgängeren un. Och d’Beliichtung an den Autoen huet sech an de leschte Jore weiderentwéckelt, soudass Autoe mat LED anstatt mat Halogen equipéiert kënne ginn.

All dës technesch Sécherheetsmesuren existéieren a kënnen dozou bäidroen dat vun der Regierung deklaréiert Zil vun der VISION ZERO, dat heescht d’Reduzéierung vun de Stroossenaffer op 0, ze erreechen. De Mobilitéitsminister huet am Aktiounsplang „sécurité routière“ d’Promotioun vu Sécherheetsequipementer als ee vun den Haaptdéfien definéiert. Et ass natierlech ze betounen, dass den Abau vun esou Sécherheetsequipementer an den Autoe Geld kascht. Geld, wat virun allem déi sozial schwaach Akommensklassen an eisem Land net hunn.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wëll de Minister den Abau vu moderne Sécherheetsequipementer a lëtzebuergeschen Autoe promouvéieren? 
    • Falls jo, wéi soll dëst geschéien? 
    • Falls nee, firwat ecartéiert de Minister dës Méiglechkeet?
  2. Vu, dass ënnert der aktueller Regierung d’Luuchtepottoen op den Autobunnen ofgesät gi sinn, wär et do net sënnvoll, déi gespuerte Suen an d’Stroossesécherheet ze investéieren? 
    • Falls dëst geplangt ass, a wéi eng Mesurë wëll de Minister dës Suen investéieren?
    • Ënnert dem Aspekt, wäert de Minister sech dofir asetze modern a sécher Beliichtungstechnologie fir Autoen, wéi zum Beispill de Xenon oder de LED, fir all Autofuerer méi zougänglech maachen?
  3. Wëll d’Regierung de Kaf vu moderne Sécherheetsequipementer an Autoen, ähnlech wéi si et bei den Elektroautoe gemaach huet, subventionéieren?
    • Falls jo, fir wéi eng Sécherheetsequipementer ass dës virgesinn?
    • Falls nee, wéi kënne sozial schwaach Akommensklassen an de Genoss vu modernen a sécheren Autoe kommen?
  4. Consideréiert d’Regierung iergendwann nëmmen nach Neiween zu Lëtzebuerg zouzeloossen, déi modern Sécherheetsequipementer virweise kënnen, wéi zum Beispill den automatesche Bremsassistent? 
    • Falls jo, ab wéi engem Datum gëtt dëst envisagéiert a fir wéi eng Sécherheetsequipementer?
    • Falls nee, rechent d’Regierung domadder, dass de Marché dat vum selwe reegele wäert?

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert