Connect with us

Questions parlementaires

Plënneren an d’Groussregioun als lescht Optioun

Déi héich Wunnengspräisser drécken ëmmer méi op d’Budgete vun de Mënschen, déi zu Lëtzebuerg liewen. Vill Leit ginn dofir an dat not Ausland, wou d’Wunnengspräisser dacks méi bëlleg si wéi hei. Et stellen sech also eng Réi Froen, wéi d’Regierung an Zukunft gedenkt, mat dëser Praktik ëmzegoen an ob ee gewollt ass dësen Ex-Residenten iergendwéi entgéint ze kommen.

2009 huet de FORUM EUROPA an Zesummenaarbecht mam CEPS INSTEAD ee Wierk iwwert d’grenziwwerschreidend Wunnmobilitéit an der Groussregioun verfaasst, dat ënnert dem Samuel Carpentier publizéiert ginn ass. D’Wierk Die grenzüberschreitende Wohnmobilität zwischen Luxemburg und seinen Nachbarregionen ass eng Etüd iwwert lëtzebuergesch Beruffstäteger, déi am Zäitraum vun 2001 bis 2007 decidéiert hunn, hire Wunnsëtz vu Lëtzebuerg an eent vun de Nopeschlänner aus der Groussregioun ze verleeën. Et handelt sech dobäi ëm Leit, déi hir Aarbechtsplaz zu Lëtzebuerg bäibehalen hunn.

Hier quantitativ Donnéeë bezéien d’Auteure vun der Inspection Générale de la Sécurité Sociale du Luxembourg (Carpentier 2009: 16). Aus dësen Zuele goung schonn 2009 ervir, dass ëmmer méi Leit decidéieren, iwwert d’Grenz ze plënneren. An der Etüd goufe mat Hëllef vun engem Questionnaire och d’Grënn fir d’Plënneren erfaasst. Aus dëser Datenerhiewung goung ervir, dass finanziell Grënn den Haaptgrond fir d’Verloossen vu Lëtzebuerg waren (Carpentier 2009: 37ff.). Well d’Wunnsituatioun am Grand-Duché bekannterweis an de leschte Jore fir vill Mënschen ëmmer méi erdréckend ginn ass, ass ze erwaarden, dass sech heirun bis haut net vill geännert huet. 

Vill ëffentlech a privat Acteure maachen an aktuellen Etüden drop opmierksam, dass d’Finanzement vum Logement fir Proprietären a Locatairen zu ëmmer méi enger heijer Belaaschtung gëtt. D’Logementspräisser steige Joer ëm Joer op een neie Rekordniveau an d’Optioun, sech hannert der Grenz nidderzeloossen bleiwt ville Leit als lescht Alternativ. Mam Plënneren an d’Nopeschlänner si fir Ex-Residenten awer eng Réi Nodeeler verbonnen – zum Beispill wat d’Sozialleeschtungen ugeet. Beim Verloscht vun der Aarbechtsplaz zu Lëtzebuerg gräift beispillsweis net dat lëtzebuergescht Recht, mee d’Recht vum Land an deem de Wunnsëtz ass. Schwieregkeete bereet och de Fait, dass d’Kanner vun Ex-Residenten a ville Fäll d’Méiglechkeet verléieren am lëtzebuergeschen Educatiounssystem ze bleiwen.

Et stellen sech also eng Réi Froen, wéi d’Regierung an Zukunft gedenkt, mat dësem Phänomen ëmzegoen an ob ee gewollt ass dësen Ex-Residenten entgéint ze kommen. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Kann d’Regierung fir den Zäitraum tëscht 2013 an 2019 d’Donnéeën aus der Etüd aktualiséieren an uginn, wéi vill Persoune pro Joer Lëtzebuerg verlooss hunn, fir an d’Grenzregioun wunnen ze goen, wärend se eng Aarbecht zu Lëtzebuerg gehalen hunn? 
     
    (Fir d’statistesch Bevëlkerungsgrupp ze definéieren sollt een sech op d’Cibléierung aus der Etüd orientéieren:

    „Diese Bevölkerungsgruppe besteht aus im Großherzogtum ansässigen Luxemburgern oder Nicht-Luxemburgern, die in Luxemburg beschäftigt sind und sich zu einem bestimmten Zeitpunkt dazu entschließen, dieses Land zu verlassen, um sich in einer der Nachbarregionen (in Lothringen, Wallonien, im Saarland oder in Rheinland-Pfalz) niederzulassen, dabei aber weiterhin in Luxemburg berufstätig sind.“ (Carpentier S., 2009, Säit 15).
  2. Wéi steet d’Regierung zum Fait, dass eng ganz rei Léit opgrond vun ze héije Logementspräisser finanziell gezwonge sinn an d’Groussregioun ze plënneren? 
  3. Wéi eng Léisungen well d’Regierung an noer Zukunft proposéieren fir dass d’Residenten net méi finanziell gezwonge sinn an d’Ausland wunnen ze goen? 
  4. Wéi aus der Etüd ervir geet, gëtt et fir vill Net-Résidenten en Ureiz, fir falsch Wunnsëtzdeklaratiounen ze maachen:

    „Da sich aus dem Wohnsitz in Luxemburg mehrere finanzielle Vorteile ergeben, könnten dadurch bestimmte Arbeitnehmer veranlasst werden, ihren Wegzug ins Ausland nicht zu melden, indem sie der Sozialversicherung eine Scheinanschrift in Luxemburg (beispielsweise die Anschrift der Eltern) angeben. Ein weiteres Beispiel: Gebietsansässige die mit einer außerhalb Luxemburgs lebenden Person zusammenleben und ihren Wohnsitz in Luxemburg beibehalten, könnten die Meldung der Anschriftenänderung unterlassen, […] selbst wenn sie täglich die Grenze überqueren, um zu ihrem Wohnsitz ein einer Nachbarregion Luxemburgs zu gelangen“ (Carpentier 2009: 17).
    1. Toleréiert d’Regierung des Praxis?
    2. Lafen aktuell Etüde fir de Phänomen statistesch ze erfaassen? 
    3. Wéi wëll d’Regierung an Zukunft mat dëser Praktik ëmgoen? Wéi eng Méiglechkeete wäert d’Regierung dëse Leit an Zukunft bidden?
  5. Besëtzt d’Regierung Informatiounen iwwert d’Unzuel vu lëtzebuergesche Residenten, déi eng zweet Residence am noen Ausland besëtzen?
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert