Connect with us

Questions parlementaires

Oflaf vun der Dog Show 2019?

Mir hunn beim zoustännege Minister fir Déiereschutz nogefrot, wéi d’Dog Show 2019 ofgelaft ass. Hei ass eis Fro:

A menger parlamentarescher Fro n°225 hat ech den Här Landwirtschaftsminister ufanks dës Joers no Informatiounen iwwert d’Organisatioun vun der diesjäreger Hondsausstellung zu Lëtzebuerg gefrot. D’Dog Show huet dunn effektiv den 31.8 an den 1.9 zu Lëtzebuerg stattfonnt. A wéi aus der Äntwert vum Minister ervirgeet, goufen d’Kontrolle vum Déiereschutzgesetz vun ëffentlecher Säit aus mat Hëllef vun der Veterinärsinspektioun an der Douane organiséiert.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. A wéi engem Ëmfang goufe Kontrollen op der Ausstellungsfläch an och um Parking organiséiert? Ass de Minister der Meenung, dass den Ëmfang vun dëse Kontrolle ausräichend war?
  2. Goufen um Event iergendwellech Infraktiounen géint d’Déiereschutzgesetz festgestallt? Falls jo, ëm wéi eng Infraktiounen huet et sech heibäi gehandelt?
  3. Goufe bezüglech dem Déierentransport Kontrollen duerchgefouert? Gouf zum Beispill kontrolléiert, ob d’Déieren an den Transportkäfeger genuch Platz, Fudder a Waasser haten? A gouf och d’Temperatur an d’Anhale vun de Pause wärend dem Transport kontrolléiert?
    • Falls jo, wéi genee sinn dës Kontrollen ofgelaf? 
      • Wéi goufen d’Hondsziichter kontrolléiert, déi méi wäit Distanzen op Lëtzebuerg zeréckgeluecht hunn?
  4. Den éischten Artikel vum Déiereschutzgesetz schwätzt den Déieren eng Dignitéit (=Würde) zou. Ass d’Regierung der Meenung, dass ëffentlech Hondsaustellungen d’Würde vum Déier respektéieren? Sinn dës Déierenausstellungen des Weideren hautzedaags nach ethesch vertrietbar?

Mat déiwem Respekt,
Marc GOERGEN
Député

Continue Reading
1 Comment

1 Comment

  1. nadine robert

    September 10, 2019 at 5:22 pm

    ech fannen dass dat net mei ubruecht ass well ech sin der Menung dass dei Deieren zevill gestresst sin an dass villeicht och Angscht hun. Dei kommen aus den Ostblocklänner bis hei hinner an wen wers wei dei no den Deieren op der Rees kuken, et wor jo en Joer woe se dei Deieren an praller Sonn oeni eppes ze drenken um Parking stoen gelos goefen, an an an an -;) Nafine Robert

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert