Connect with us

Questions parlementaires

Ministerautoe fir privat Trajeten?

An engem RTL-Reportage vum 3te Februar 2020 huet den Ex-Wirtschaftsminister folgend Behaaptung gemaach:

„Dat eenzegt, wat mir wäert feelen, ass datt ech mech net méi hannen an den Auto sëtze kann a vir wäert ee fueren. Bis e Kolleeg mech drop opmierksam gemaach huet, dass ech och keen Auto méi hunn ab dem 5. An dat ass effektiv richteg, elo muss ech mech och nach dorëms këmmeren.“

Et kéint een dës Ausso esou verstoen, dass d’Ministere fir all hir Deplacementer op ee staatlechen Déngschtauto souwéi ee perséinleche Chauffer zeréckgräife kënnen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministere folgend Froe stellen:

  1. Däerf all Minister een Déngschtauto souwéi ee Chauffeur fir seng privat Trajete benotzen?
  2. Ass dëse Service Deel vum Traitement vun de Minister a kritt all Minister dëse Service vum Staat zur Verfügung gestallt? Falls jo, bezuelen d’Regierungsmemberen, d’selwecht ewéi Salariéeën et och bei Déngschtween vun Entreprise maachen, Steieren op dësen Avantage?
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert