Wéi ginn Interessekonflikter vu Buergermeeschteren an de Gemenge verhënnert?

D’ofgeännert Gesetz vum 19te Juli 2004 iwwer d’Gemengebauten an d’urban Entwécklung gesäit am Artikel 37 vir, dass d’Buergermeeschteren d’Autorisatioune fir Baugeneemegungen an enger Gemeng erdeelen. Esou dréit d’Gesetz dozou bäi, dass d’Gemengepappen– a Mammen duerch hier Muechtpositioun ee gewëssent Insiderwësse kréien an dëst a perséinleche Kontakter mat Promoteuren oder Bauhären zu hirem Virdeel notze kéinten. Ugesiichts vun der Lukrativitéit vum Bausektor an der Schlësselpositioun vum Roll vum Buergermeeschter, kënnen Interessekonflikter net ausgeschloss ginn. 

Weiderliesen

FRO.LU: Silvesternuecht a Freedefeier: firwat gëllen an all Gemeng aner Reegelen?

Eng Fro gouf gestallt op FRO.LU :

Virun net allze laanger Zäit war et gudde Brauch, dass op der Silvesternuecht d’Bierger dat neit Joer mat engem private Freedefeier begréisst hunn. Dëse Brauch gouf an de leschte Jore reviséiert, sief et aus Grënn vum Déiereschutz, der bannenzeger Sécherheet oder aus anere Grënn. 

Elo ass et zu Lëtzebuerg awer nach laang net esou, dass d’Freedefeier engem generelle Verbuet ënnersteet. Ganz am Aklang mat der Gemengenautonomie decidéiert all eenzel vun den 102 Gemengen hei am Land, ob d’Schéisse vu Knupperten a Rakéiten zur Silvesternuecht erlaabt ass oder net. 

Wärend an e puer Gemengen ee generellt Verbuet fir d’Zünden vu Knupperten um Territoire vun der Gemeng gëllt, limitéieren aner Gemengen den Zäitraum wou gezünd däerf ginn. Aner Gemengen erlaben dogéint d’Zünden op privaten Terrainen, wärend erëm aner Gemengen nëmmen d’Empfeelung ginn, fir kee Freedefeier ze schéissen. Ee richtegt Verbuet stellt dëst awer net duer. 

Duerch dee ganzen Amalgamm u Gemengereglementer fannen d’Bierger hei am Land sech mat enger Panoplie u Reegelen erëm, déi vu Gemeng zu Gemeng anescht ass an zur Rechtsonsécherheet hei am Land bäidréit. Dës Weideren ass et aus engem objektiven Siichtpunkt aus net fair, dass Bierger aus enger Gemeng d’Zünde vu Freedefeier verbuede kréien, wärend an der Nopeschgemeng jidderee mat de Knupperte schéissen däerf.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung vis-à-vis zum privaten Ofschoss vu Freedefeier? 
  2. Ass d’Regierung fir oder géint ee Verbuet vu privat organiséierte Freedefeier bei offizieller Feierdeeg?
  3. Ugesiichts der Panoplie u verschiddene Gemengereglementer zum Thema Freedefeier, gesäit d’Regierung een Ulooss, fir op nationalem Niveau d’Benotzung vu Freedefeier soit méi aschränkend, soit méi oppen ze legiferéieren? Falls jo, wat wäert d’Regierung ënnerhuelen?

Dir hutt och eng Fro un d’Regierung? Da maacht Gebrauch vun  www.fro.lu

Formatioune fir Gemengepolitiker?

Am Grand-Duché goufen an de leschte Gemengewahle 600 Gemengeconseillere gewielt, déi an den 102 Gemengen uechtert d’Land d’Geschécker an der Lokalpolitik leeden. Dës Gemengeconseillere kommen aus ganz verschiddene soziale Milieuen, woubäi déi eng méi an déi aner manner Kenntnisser a Politik a Recht besëtzen. 

Et ass evident, dass ee Gemengeconseiller, dee berufflech an engem juristesche Kontext schafft, et vill mi einfach huet fir sech an d’lokalpolitesch Dossieren eranzeschaffen, wéi een, deen als Ugestallten an engem net liéierten Domaine schafft. 

Ee Mandat an engem Gemengerot oder och an e puer Schäfferéit ass net ëmmer eng Vollzäit-Tâche an erfuerdert vu ville Mandatsdréier, dass si sech nieft hirem Beruff a verschidden Dossieren eraschaffen. Dës Aufgab ass net ëmmer einfach, well et sech heiansdo ëm héich technesch Dossieren handelt, an deenen et dorëm geet, Decisiounen ze huelen, déi dem Wuel vun den Awunner vun de jeeweileger Gemengen déngen. 

A villen Dossieren, wéi zum Beispill dem Stroossebau, der kommunaler Steierpolitik oder der Energieversuergung, kënne juristesch Technizismen optauchen. Et ass net dovun auszegoen, dass all Gemengeconseiller an esou Dossieren ëmmer déi néideg Virkenntnesser besëtzt. Dorënner kéint d’Qualitéit vun der politescher Aarbecht um Gemengenniveau leiden. Dat selwecht kéint och fir Schäfferéit a Buergermeeschteren de Fall sinn.

Et wär an dem Kontext wichteg, dass déi Verantwortlech aus der Gemengepolitik dat néidegt Wëssen an déi néideg Instrumenter géife mat op de Wee kréien, fir korrekt politesch Entscheedunge kënnen ze fällen.

An deem Zesummenhang hu mir der Inneministesch dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Formatiounen ginn aktuell fir Gemengeconseilleren ugebueden? Wat ass den Ëmfang vun de jeeweilege Formatiounen?
  2. Wéi eng Formatiounen ginn aktuell fir Schäffen a Buergemeeschteren ugebueden? Wat ass den Ëmfang vun de jeeweilege Formatiounen?
  3. Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass d’Offer u Formatioune fir Gemengeconseilleren a Schäfferéit aktuell ausräichend ass?
  4. Ass d’Madamm Inneministesch der Meenung, dass den Inneministère oder de SYVICOL méi Formatioun fir Gemengeconseillere a Schäfferéit misst ubidden?

Gemengepublikatiounen als politesch Bühn?

Hei ass eis Fro:

Verschidde Gemengen hei am Land verschécken un d’Awunner vun hire Gemenge Communiquéen a Form vun Zäitschrëften oder Flyere fir hir Awunner iwwert d’Aktualitéit vun hirer Gemeng um Stand ze halen. Dës – mat Steiergelder bezuelte – Publikatioune ginn a verschiddene Gemenge gären als politesch Bühn genotzt fir esou déi politesch Responsabel an ee bessert Liicht ze stellen. An de Publikatiounen tauchen ëmmer nees déi selwecht Gesiichter op de Fotoe op, d’Berichterstattung weist tendenziéis d’Meenunge vun de Majoritéiten an net all Aspekter vu politeschen Dossiere ginn onofhängeg an onparteilech duergestallt.

Mir wëllen dofir vun der Inneministesch wëssen, ob dat Problem bekannt ass an ob een Intressi besteet hei virzegoen:

  1. Erkennt d’Regierung d’Gefor, dass d’Publikatioune vun de Gemengen fir politesch Meenungsmaach vu verschiddene politesche Verantwortleche mëssbraucht kéinte
    ginn? Ass d’Regierung aktuell zefridde mat der Situatioun oder gesäit si ee Besoin zum Handelen an dësem Thema?
  2. Existéiert fir Publikatiounen een Deontologieskodex, un deen sech d’Gemengen hale mussen? Falls nee, gedenkt d’Regierung esou ee Kodex opzestellen? Falls, nee, firwat net?
  3. Ass d’Regierung der Meenung, dass kloer Reegelen, wéi zum Beispill d’Imposéiere vu Formater a Richtlinnen, een Abus vun ëffentlech bezuelte Publikatioune kënne
    virbeugen?