Connect with us

Questions parlementaires

Formatioune fir Gemengepolitiker?

Am Grand-Duché goufen an de leschte Gemengewahle 600 Gemengeconseillere gewielt, déi an den 102 Gemengen uechtert d’Land d’Geschécker an der Lokalpolitik leeden. Dës Gemengeconseillere kommen aus ganz verschiddene soziale Milieuen, woubäi déi eng méi an déi aner manner Kenntnisser a Politik a Recht besëtzen. 

Et ass evident, dass ee Gemengeconseiller, dee berufflech an engem juristesche Kontext schafft, et vill mi einfach huet fir sech an d’lokalpolitesch Dossieren eranzeschaffen, wéi een, deen als Ugestallten an engem net liéierten Domaine schafft. 

Ee Mandat an engem Gemengerot oder och an e puer Schäfferéit ass net ëmmer eng Vollzäit-Tâche an erfuerdert vu ville Mandatsdréier, dass si sech nieft hirem Beruff a verschidden Dossieren eraschaffen. Dës Aufgab ass net ëmmer einfach, well et sech heiansdo ëm héich technesch Dossieren handelt, an deenen et dorëm geet, Decisiounen ze huelen, déi dem Wuel vun den Awunner vun de jeeweileger Gemengen déngen. 

A villen Dossieren, wéi zum Beispill dem Stroossebau, der kommunaler Steierpolitik oder der Energieversuergung, kënne juristesch Technizismen optauchen. Et ass net dovun auszegoen, dass all Gemengeconseiller an esou Dossieren ëmmer déi néideg Virkenntnesser besëtzt. Dorënner kéint d’Qualitéit vun der politescher Aarbecht um Gemengenniveau leiden. Dat selwecht kéint och fir Schäfferéit a Buergermeeschteren de Fall sinn.

Et wär an dem Kontext wichteg, dass déi Verantwortlech aus der Gemengepolitik dat néidegt Wëssen an déi néideg Instrumenter géife mat op de Wee kréien, fir korrekt politesch Entscheedunge kënnen ze fällen.

An deem Zesummenhang hu mir der Inneministesch dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Formatiounen ginn aktuell fir Gemengeconseilleren ugebueden? Wat ass den Ëmfang vun de jeeweilege Formatiounen?
  2. Wéi eng Formatiounen ginn aktuell fir Schäffen a Buergemeeschteren ugebueden? Wat ass den Ëmfang vun de jeeweilege Formatiounen?
  3. Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass d’Offer u Formatioune fir Gemengeconseilleren a Schäfferéit aktuell ausräichend ass?
  4. Ass d’Madamm Inneministesch der Meenung, dass den Inneministère oder de SYVICOL méi Formatioun fir Gemengeconseillere a Schäfferéit misst ubidden?
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert