fbpx
  • Questions parlementaires

    Froen zu der Aarbecht vun der Veterinärsinspektioun

    Mam d’Gesetz vum 14te Juli 2015 ass d’Veterinärsinspektioun an d’Liewe geruff ginn. Dës Verwaltung huet als Missioun, ze kontrolléieren, dass déi bestoend Gesetzer iwwert den Ëmgang mat Hausdéieren, Notzdéieren an och Déiereproduiten agehale ginn. D’Aufgabefeld vun der Veterinärsverwaltung ass deementspriechend grouss an d’Erausfuerderungen am Alldag oft ganz verschidden.  An deem Zesummenhang hu mir dem Minister dës Froe gestallt: Wéi huet sech de Personalbestand bei der Veterinärsinspektioun säit der Grënnung entwéckelt? Wéi vill Verstéiss goufen säit hierer Grënnung vun der Veterinärsinspektioun festgestallt? Wat waren déi gängegste Verstéiss? Wéi vill Verstéiss géint d’Déiereschutzgesetz vun 2018 goufen an deene jeeweils leschten 2 Joer festgestallt? Wat waren déi gängegste Verstéiss? Wéi sinn d’Kontrolle bei…

  • Questions parlementaires

    Déiereschutz an de Schluechthaiser – wéi gutt gëtt kontrolléiert?

    Op de soziale Medien zirkuléiert ee Video, an dem d’Schluechtprozedur an engem Schluechthaus zu Lëtzebuerg opgehol gouf. D’Szeen gouf verstoppt gedréint a weist de Raum, wou d’Déieren zerluecht ginn.  Am Video ass kloer ze gesinn, wéi eng Kouh ouni Betäubung dout gemaach ginn ass. De Video weist wéi d’Déier, wat nach gelieft huet an nach zuckt, bei vollem Bewosstsinn den Hals opgeschnidde kritt.

  • Questions parlementaires

    Eng Fro am Kader vun der Schwéngspescht

    Am Kader vun der fräier Juegd op Wëllschwäin huet de Landwirtschaftsministère an engem Communiqué erkläert, dass 226 Wëllschwäin negativ op d’Schwéngspescht getest goufen. D’Schwéngspescht ass also nach net zu Lëtzebuerg ukomm. Dat erkläert allerdéngs net d’Doudesursaach vun de Schwäin, soudass mir genee dëst vun den zoustännege Ministere wësse wëllen. Hei ass eis parlamentaresch Fro: Här President, Sou wéi den Artikel 84 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dringend parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Landwirtschaft & Emwelt, Klima a nohalteg Entwécklung weiderzeleeden. Op der Website vum Landwirtschaftsministère gouf kommunizéiert, dass am Kader vun der Bekämpfung vun der Schwéngspescht 226 Wëllschwäin negativ op ASP kontrolléiert goufen. Vu, dass dës Wëllschwäin also…