CO2-Verbrauch vu lëtzebuergesche Schëffer?

D’lëtzebuergesch Schëffsflott beschränkt sech net eleng op d’Booter, déi op der Musel fueren, mee et gi Schëffer, déi ënnert lëtzebuergeschem Fändel an internationale Gewässer ënnerwee sinn. Mir wollte méi zu deene Booter an hirem CO2-Ausstouss wëssen.

Hei ass d’Fro:

Am Koalitiounsaccord huet d’Regierung versprach den CO2-Ausstouss an de nächste Joren ze reduzéieren. Fir dëst wichtegt Zil ze erreechen muss virun allem den Transportsecteur transforméiert ginn. Heirënner fält och d’lëtzebuergesch Schëfffaart, déi awer am Koalitiounsaccord keng allze grouss Beuechtung fënnt. D’Schëfffaart ass mat ee vun de Secteuren, déi weltwäit mat am meeschten um Ausstouss vun CO2, Stéckoxider a weidere schiedleche Gaser bäidréit. D’lëtzebuergesch Schëffsflott beschränkt sech net eleng op d’Booter, déi op der Musel fueren. Aktuell sinn och an internationale Gewässer eng Réi Schëffer, déi ënnert lëtzebuergeschem Fändel fueren, ënnerwee. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Wéi vill Schëffer sinn aktuell am lëtzebuergesche maritime Register ageschriwwen? 
    • Wéi vill vun deene Schëffer  
      • hunn een Gewiicht bis 500 Tonnen?
      • hunn ee Gewiicht vun 501 bis 5000 Tonnen?
      • hunn ee Gewiicht vun 5001 bis 25000 Tonnen?
      • hunn ee Gewiicht vu méi wéi 25001 Tonnen?
  • Wéi vill Schëffer waren 2014, (no der selwechter Oplëschtung) insgesamt am lëtzebuergesche maritime Register ageschriwwen?
  • Wéi vill Stéierannaahmen huet Lëtzebuerg säit 2014 pro Joer mam Schëffsverkéier generéiert?
  • Besëtzt d’Regierung Donnéeën zum CO2 vun de Schëffer, déi am lëtzebuergesche maritime Register ageschriwwe sinn?
    • Falls jo, wéi huet sech den CO2-Ausstouss säit 2014 entwéckelt a wat sinn d’Grënn vun dëser Entwécklung?
    • Falls nee, wisou besëtzt d’Regierung keng Donnéeë zum CO2-Ausstouss vu Schëffer, déi ënnert lëtzebuergeschem Fändel fueren?
  • Wat fir eng Moossnamen wäert d’Regierung dës Legislatur ënnerhuelen, fir Schëffer, déi ënnert engem lëtzebuergeschem Fändel fueren, an d’Energie- an Ëmweltstrategie vum Koalitiounsaccord anzebannen an den CO2 Verbrauch vun dëse Schëffer ze reduzéieren?

Mat déiwem Respekt,
Marc Goergen
Député

Soll Kerosin besteiert ginn oder net?

Kritt d’Loftfaart an de nächste Joren eng Kerosinsteier? An den EU-Wahlen war d’Besteierung vum Kerosinverbrauch vu Fligeren ee grousst Thema. Mir wëllen vun der Regierung wëssen, wéi eng Positioun si an Europa vertrëtt.

Fir eis Piraten ass et logesch, dass eng Besteierung vum Kerosinverbrauch d’Präisser vun den Ticketen wäerten an d’Luucht dreiwen. Et ass Aewëscherei, wann d’Regierung am EU-Rot behaapt, d’Mobilitéit vun den EU-Bierger net wëllen anzeschränken a gläichzäiteg d’Präisser vun den Ticketen eropginn, wat ville Läit mat nidderege Léin et nach méi schwéier wäert maachen ze reesen. Mir géifen d’Regierung bieden, hei Neel mat Käpp ze maachen an de Mënsche kloer ze soen, dass d’Reesen an Zukunft méi deier wäert ginn, wann de Pollueur-Payeur-Prinzip zum Asaatz kennt.

Hei ass d’Fro, déi mir der Regierung gestallt hunn:

D’Thema vun der Besteierung vum Kerosinverbrauch war bei den Europawahlen ee grousse Sujet. Hei hunn déi 3 Regierungsparteien sech an engem Questionnaire vum Mouveco fir eng Besteierung vum Kerosinverbrauch ausgeschwat. Aktuell existéieren an der Europäescher Unioun keng verflichtend Steieren op de Kerosinverbrauch.

Am EU-Ministerrot vum 6te Juni huet déi lëtzebuergesch d’Délégatioun ee Punkt abruecht mam Titel “Bekämpfung von Treibhausgasemissionen und Verkehrsüberlastung durch Preisgestaltung im Luftfahrtsektor – Informationen der luxemburgischen Delegation”. D’Dokument erwäänt hei d’Besteierung vum Kerosin als eng
méiglech Optioun.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wäert d’Regierung sech fir eng Besteierung vum Kerosinverbrauch an der EU asetzen?
  2. Am Rapport vum Ministerrot steet weiderhin, dass et ausser Fro stéing, d’Mobilitéit vun den EU-Bierger ze
    reduzéieren. Kann d’Regierung versëcheren, dass potenziell Ëmweltmesüren an déi dovun ausgoend potenziell Präiserhéijungen d’Mobilitéit vu sozioekonomesch méi schwaachen EU-Bierger net beanträchtege wäerten?
  3. Huet d’Regierung schonn Zeenarien opgestallt, wéi eng Kerosinsteier (oder eng aner Mesure nom Pollueur-
    Payeur-Prinzip) d’Aktivitéite vun der lëtzebuergescher Loftfaart beanträchtege géif?
    • Falls jo, wat wären d’Konsequenze fir de Passagéier- a Cargoverkéier um Findel?
    • Falls nee, wär et net opportun an nächster Zäit esou Analysen an Opdro ze ginn, fir preparéiert un d’Saachen unzegoen?
  4. Strieft d’Regierung ee Réckgang vun de Passagéierzuelen um Findel un?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député

Elektroautoe brauchen E-Luetstatiounen. Wéi wäit ass Lëtzebuerg ?

D’Piraten hunn de Mobilitéits- an dem Energieministeren eng Fro zum Ausbau vun den Elektro-Luetstatioune gestallt.

Am Folgende fannt dir den Text vun eiser Fro:

D’Regierung huet am Koalitiounsofkommes d’Transitioun op d’Elektromobilitéit als ee Käruleies definéiert, woubäi d’Part vum Elektroauto op eise Stroossen iwwert den Taux vun aktuell 1,8% klamme soll. Fir de gudde Fonktionnement vun dësem Projet ze erméiglechen, musse flächendeckend elektresch Luedestatioune gebaut ginn. An dem Kontext stellt sech déi kruzial Fro wéi ee wirtschaftleche Modell fir den Ausbau vum Reseau geholt gi soll. Am Koalitiounsaccord huet déi lëtzebuergesch Regierung zu dësem Thema Folgendes festgehalen: “Les études en cours en vue de permettre l’installation de stations à recharge à haute puissance pour véhicules électriques sur les aires d’autoroute […] seront finalisées à brève échéance en vue de déterminer le modèle économique approprié (concession ou Etat-opérateur).” (Säit 161)

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Besëtzen d’Ministeren aktuell Zuelen an Erklärungen zu der Part vum Elektroauto zu Lëtzebuerg?
  2. Sinn déi a menger Introduktioun genannten Etüde schonn finaliséiert? Falls nee, wéi wäit sinn d’Ministèrë mat der Aarbecht un dësen Etüden? Wéini gedenken d’Ministeren déi genannten Etüden ze publizéieren?
  3. An eisem Nopeschland Däitschland investéieren zur Zäit grouss Autosfirmen an de Reseau vun den
    Opluetstatiounen. Wäert d’Regierung sech an dem Kontext um däitsche Modell orientéiere fir private Firmen d’Méiglechkeet ze ginn an den Energiereseau ze investéieren?