Connect with us

Questions parlementaires

Elektroautoe brauchen E-Luetstatiounen. Wéi wäit ass Lëtzebuerg ?

D’Piraten hunn de Mobilitéits- an dem Energieministeren eng Fro zum Ausbau vun den Elektro-Luetstatioune gestallt.

Am Folgende fannt dir den Text vun eiser Fro:

D’Regierung huet am Koalitiounsofkommes d’Transitioun op d’Elektromobilitéit als ee Käruleies definéiert, woubäi d’Part vum Elektroauto op eise Stroossen iwwert den Taux vun aktuell 1,8% klamme soll. Fir de gudde Fonktionnement vun dësem Projet ze erméiglechen, musse flächendeckend elektresch Luedestatioune gebaut ginn. An dem Kontext stellt sech déi kruzial Fro wéi ee wirtschaftleche Modell fir den Ausbau vum Reseau geholt gi soll. Am Koalitiounsaccord huet déi lëtzebuergesch Regierung zu dësem Thema Folgendes festgehalen: „Les études en cours en vue de permettre l’installation de stations à recharge à haute puissance pour véhicules électriques sur les aires d’autoroute […] seront finalisées à brève échéance en vue de déterminer le modèle économique approprié (concession ou Etat-opérateur).“ (Säit 161)

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Besëtzen d’Ministeren aktuell Zuelen an Erklärungen zu der Part vum Elektroauto zu Lëtzebuerg?
  2. Sinn déi a menger Introduktioun genannten Etüde schonn finaliséiert? Falls nee, wéi wäit sinn d’Ministèrë mat der Aarbecht un dësen Etüden? Wéini gedenken d’Ministeren déi genannten Etüden ze publizéieren?
  3. An eisem Nopeschland Däitschland investéieren zur Zäit grouss Autosfirmen an de Reseau vun den
    Opluetstatiounen. Wäert d’Regierung sech an dem Kontext um däitsche Modell orientéiere fir private Firmen d’Méiglechkeet ze ginn an den Energiereseau ze investéieren?
Continue Reading
1 Comment

1 Comment

  1. Pingback: Elektroautoe brauchen E-Luetstatiounen. Wéi wäit ass Lëtzebuerg ? | Kantonen.lu CANTONS.LU

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert