Mannerjäreger a Prisongen

Zu Lëtzebuerg kënnt et nach vir, dass Mannerjäreger an déi selwecht Prisonge wéi Erwuessener placéiert ginn, wat no der UN-Kannerrechtskonventioun awer verbueden ass. Mer wëlle vum Minister Braz wëssen, wéi vill Kanner dovu betraff waren. 

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Lëtzebuerg besëtzt aktuell ee Kannerschutzgesetz aus dem Joer 1992. D’UN Kannerrechtskonventioun, déi 1990 a Kraaft getruede war, ass dunn 1993 an der Chamber ratifizéiert ginn. Eng grouss Problematik stellt sech beim Emprisonnéiere vu Jugendlechen. Kannerrechtsorganisatiounen zu Lëtzebuerg warnen, dass Lëtzebuerg sech net un déi vun der UN etabléiert Reegelen hält. Sou kennt et ëfters vir, dass Mannerjäreger an déi selwecht Prisonge wéi erwuessenen Delinkuenten a Kriminelle placéiert ginn, obwuel am Artikel 37 Ofsaz c) vun der Kannerrechtskonventioun geschriwwe steet, dass “En particulier, tout enfant privé de liberté sera séparé des adultes, à moins que l’on estime préférable de ne pas le faire dans l’intérêt supérieur de l’enfant (…)”.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Fro stellen:

Opgelëscht no Joer a no Centre Penitentiaire, wéi vill Mannerjäreger sinn am Zäitraum vun 1992 bis 2019, wann och nëmmen temporär, an engem vun de Prisongen zu Lëtzebuerg placéiert ginn?

qp-goergen-mannerjareger-an-prisongen

De Sans-abrisme zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg sinn dat lescht Joer 17 Mënschen, déi keen Daach iwwert dem Kapp haten, verscheet. De Sans-abrisme zu Lëtzebuerg eng Realitéit. An awer bleift et een Tabu-Thema.

Mer wëlle vun der Madamm Ministesch Cahen méi zu dësen Zuele wëssen a froe gläichzäiteg, ob dat, wat d’Regierung fir de Sans-Abrisme ënnerhëllt, iwwerhaapt duer geet.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

An der Chamberssëtzung vum 18. Dezember 2018 sot d’Madamm Ministesch am Kader vun der Froestonn, dass kee Mënsch soll mussen zu Lëtzebuerg op der Strooss liewen oder schlofen. An der Realitéit gesäit een awer nach vill Mënschen an Obdachlosëgkeet op de Stroossen vun eisem Land schlofen. Wéi rtl.lu den 02.04.2019 beriicht, sollen am leschte Joer 17 Mënschen, déi sech an Obdachlosëgkeet befonnt hunn, verscheet sinn. Ugesiichts den Aussoe vun der Ministesch engersäits an dem ambitiéise Plang vum Familljen- an Integratiounsministère fir d’Lutte géint de Sans-Abrisme anerersäits, sinn dës Zuele besuergneserreegend.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

1. Besëtzt d’Madamm Ministesch Cahen Kenntnis vun dësen Zuele vun 2018 a ka Si dës confirméieren?

2. Falls dës Zuele stëmmen, aus wéi enge Grënn sinn dës Mënsche verscheet?

3. Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass den aktuellen Aktiounsplang géint de Sans-Abrisme Mënschen an Obdachlosëgkeet genuch virun de Gefore vum Liewen op der Strooss schützt?

4. Wéi eng konkret Mesurë wäert d’Regierung an Zukunft ënnerhuelen, fir obdachlous Mënschen an Zukunft besser virun de Gefore vum Liewen op der Strooss ze schützen?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député

Wéi geet et weider mam Schantjen op der Péitenger Collectrice?

Zënter Méint steet ee Schantjen op der Péitenger Collectrice, mee et schéngt net weider ze goen? Mer wollte vum Minister Bausch wëssen, wourun dat läit.

Op der Collectrice vu Péiteng a Richtung Käerjeng ass schonn zënter Méint ee Schantjen, bei deem scheinbar keng Avancë gemaacht ginn. Et handelt sech heibäi ëm de Streckenofschnëtt vun der Avenue de l’Europe, déi an der Péitenger Gemeng tëscht de Weiere verleeft. Vu dass et sech ëm eng Nationalstrooss handelt, ass de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Baute fir dëse Streckenofschnëtt zoustänneg.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wéi eng Aarbechten sinn um genannte Streckenofschnëtt virgesinn?
  2. Op wéi engem Dag ass dëse Schantjen opgaangen? Bis wéini ass d’Fäerdegstellung vun den Aarbechten geplangt?
  3. Sinn d’Aarbechten op dësem Schantje schonn ugefaange ginn? Falls jo, wéi eng Aarbechte si bis elo, ausser der Markéierung vun der Fuerbunn, bewältegt ginn? Falls nee, wéi eng Grënn verzögeren den Ufank vun den Aarbechten um Schantjen?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député

Ginn d’Wëllschwäin elo massiv ofgeschoss?

D’Regierung hat den 8te Mäerz decidéiert, d’Juegd op Wëllschwäin schoun dëse Mount ze erlaben, mat der Begrënnung d’afrikanesch Schwéngspescht anzedämmen. Mer froen eis, firwat a wéi dës Erlaabnis zustane komm ass a wien d’Regierung do wuel mat beroden huet?

Den 8ten Mäerz huet de Regierungsrot säin Accord ginn, fir d’Juegd op Wëllschwäin ze Erëffnungen. Esou däerfen d’Wëllschwäinn, am Géigesaz zu de virege Joren, dëst Joer schonn ab Mäerz geschoss ginn. D’Begrënnung fir dës exzeptionell Ouverture fousst op de Konklusioune vum Rapport vun der Task Force fir d’Schwéngspescht, fir d’Verbreedung vun der Krankheet verhënneren.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Wëllschwäin goufen zu Lëtzebuerg positiv op d’afrikanesch Schwéngspescht getest?
  2. Wei ustiechend ass d’Schwéngschpescht fir Mënschen? Falls d’Äntwert
    negativ ass, wéi rechtfäerdegt d’Regierung d’massivt Ofschéisse vu Wëllschwäi an der Ofwiesenheet vun direkte Risiken vun der Schwéngspescht op d’Gesondheet vum Mënsch?
  3. Goufe bei de Gespréicher vun der Task Force fir d’Schwéngspescht och
    Meenunge vun Déiereschutzorganisatiounen, déi am Artikel 6 (3) vum Déiereschutzgesetz definéiert sinn, ageholl? Falls jo, wat waren d’Positioune vun den eenzelen Associatiounen a wéi huet d’Regierung dës Positiounen an de Reglement matgedroen? Falls nee, gesäit d’Regierung et net als relevant un Déiereschutzorganisatiounen an dëst Themefeld matanzebezéien?
  4. Gesäit d’Regierung d’Jeeër als Partner bei der Bekämpfung vun der Schwéngspescht?
  5. Wäert d’Regierung der Jeeërfederatioun FSHCL hire Fuerderung nokommen, d’Juegd op Wëllschwäin op dat ganzt Joer auszebreeden?
  6. Wäert d’Regierung der Jeeërfederatioun FSHCL hire Fuerderung nokommen, de Gebrauch vun hallefautomatesche Waffe fir d’Juegd ze erlaben?
  7. Wäert d’Regierung fir d’Juegd vu Wëllschwäin d’Klappjuegd als Juegdmethod recommandéieren?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député