Connect with us

Questions parlementaires

Mannerjäreger a Prisongen

Zu Lëtzebuerg kënnt et nach vir, dass Mannerjäreger an déi selwecht Prisonge wéi Erwuessener placéiert ginn, wat no der UN-Kannerrechtskonventioun awer verbueden ass. Mer wëlle vum Minister Braz wëssen, wéi vill Kanner dovu betraff waren. 

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Lëtzebuerg besëtzt aktuell ee Kannerschutzgesetz aus dem Joer 1992. D’UN Kannerrechtskonventioun, déi 1990 a Kraaft getruede war, ass dunn 1993 an der Chamber ratifizéiert ginn. Eng grouss Problematik stellt sech beim Emprisonnéiere vu Jugendlechen. Kannerrechtsorganisatiounen zu Lëtzebuerg warnen, dass Lëtzebuerg sech net un déi vun der UN etabléiert Reegelen hält. Sou kennt et ëfters vir, dass Mannerjäreger an déi selwecht Prisonge wéi erwuessenen Delinkuenten a Kriminelle placéiert ginn, obwuel am Artikel 37 Ofsaz c) vun der Kannerrechtskonventioun geschriwwe steet, dass „En particulier, tout enfant privé de liberté sera séparé des adultes, à moins que l’on estime préférable de ne pas le faire dans l’intérêt supérieur de l’enfant (…)“.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Fro stellen:

Opgelëscht no Joer a no Centre Penitentiaire, wéi vill Mannerjäreger sinn am Zäitraum vun 1992 bis 2019, wann och nëmmen temporär, an engem vun de Prisongen zu Lëtzebuerg placéiert ginn?

qp-goergen-mannerjareger-an-prisongen

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert