Sécherheet zu Esch

Esch/Uelzecht ass awunnerméisseg déi zweetgréisste Stad an eisem Land. D’Minettemetropole ass eng Stad mat vill Geschicht a Kultur a gläichzäiteg eng Stad op der Sich no enger neier Identitéit. An der Transitiounsphase nom Réckzuch vun der Stolindustrie versicht d’Stad sech selwer eng nei Identitéit ze ginn. An dësem Kader spillt natierlech Esch2022 eng wichteg Roll, well mam Projet vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch seng Identitéit als hip, modern a kosmopolitesch Stad weiderentwéckele soll. 

Allerdéngs ass Esch aktuell net fir seng Kënschtler– a Kulturzeen bekannt, mee virun allem fir d’Onsécherheet a Kriminalitéit. Et brauch ee keng zwou Persounen an der Stad ze froen fir festzestellen, dass d’Perceptioun vun der Sécherheet zu Esch miserabel ass. Ob Drogenhandel, Gewalt am Alldag oder Déifstall, d’Escher Police leeft der héijer Unzuel vun Infraktioune säit Jore hannendrun. Et ass virun allem fir d’Awunner a fir d’Geschäftsleit ermiddend ee Strofdéider den Dag no senger Infraktioun erëm op d’Neies bei enger neier Strofdot ze erwëschen. Als Folge hu vill Mënschen zu Esch d’Vertrauen an d’Justiz ganz verluer a ruffen aus dësem Grond d’Police net méi. D’Strofdéiter selwer schéngen de Respekt virun der Justiz och komplett verluer ze hunn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Opgelëscht pro Joer, wéi vill Infraktioune sinn tëscht 2013 an 2019 an der Gemeng Esch/Uelzecht constatéiert ginn? 
    • Wéi vill Infraktioune betreffen Déifstall?
    • Wéi vill Infraktioune betreffe Gewalt?
    • Wéi vill Infraktioune betreffen Drogenhandel?
  2. Als Vergläich: Opgelëscht pro Joer, wéi vill Infraktioune sinn tëscht 2013 an 2019 
    • op der Stater Gare, 
    • zu Déifferdeng, 
    • zu Péiteng, zu Dikrech, 
    • zu Ettelbréck 
    • an zu Wolz
    constatéiert ginn? 

    • Wéi vill Infraktioune betreffen Déifstall?
    • Wéi vill Infraktioune betreffe Gewalt?
    • Wéi vill Infraktioune betreffen Drogenhandel?
  3. J’ai dû passer au moins un millier d’appels aux autorités. Depuis un an et demi, c’est de pire en pire. Les dealers s’installent, je les mets dehors, puis ils reviennent en me riant au nez.(Auszuch aus engem Artikel aus dem L’essentiel 18ten Oktober 2018)Kann d’Regierung den Onmut an d’Frustratioun vun den Awunner a Geschäftsleit zu Esch novollzéien?
  4. Consideréiert d’Regierung, dass d’Kriminalitéit zu Esch ausser Kontroll geroden ass?
  5. Wat fir eng Mesure wäert d’Regierung ënnerhuele fir d’Sécherheet zu Esch a noer Zukunft ze erhéijen? 
  6. D’Ministere fir Bannenzeg Sécherheet a Justiz haten de leschte Mëttwoch un enger Versammlung am Quartier Stater Gare deelgeholl fir mart den Awunner iwwert d’Kriminalitéit an der Rue de Strasbourg ze diskutéieren. Envisagéiert d’Regierung eng ähnlech Versammlung fir Esch? Falls jo, wéini?

Adressaten

  • Félix Braz – Justiz
  • François Bausch – Bannenzeg Sécherheet
  • Taina Bofferding – Interieur
  • Sam Tanson – Kultur

Mannerjäreger a Prisongen

Zu Lëtzebuerg kënnt et nach vir, dass Mannerjäreger an déi selwecht Prisonge wéi Erwuessener placéiert ginn, wat no der UN-Kannerrechtskonventioun awer verbueden ass. Mer wëlle vum Minister Braz wëssen, wéi vill Kanner dovu betraff waren. 

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Lëtzebuerg besëtzt aktuell ee Kannerschutzgesetz aus dem Joer 1992. D’UN Kannerrechtskonventioun, déi 1990 a Kraaft getruede war, ass dunn 1993 an der Chamber ratifizéiert ginn. Eng grouss Problematik stellt sech beim Emprisonnéiere vu Jugendlechen. Kannerrechtsorganisatiounen zu Lëtzebuerg warnen, dass Lëtzebuerg sech net un déi vun der UN etabléiert Reegelen hält. Sou kennt et ëfters vir, dass Mannerjäreger an déi selwecht Prisonge wéi erwuessenen Delinkuenten a Kriminelle placéiert ginn, obwuel am Artikel 37 Ofsaz c) vun der Kannerrechtskonventioun geschriwwe steet, dass “En particulier, tout enfant privé de liberté sera séparé des adultes, à moins que l’on estime préférable de ne pas le faire dans l’intérêt supérieur de l’enfant (…)”.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Fro stellen:

Opgelëscht no Joer a no Centre Penitentiaire, wéi vill Mannerjäreger sinn am Zäitraum vun 1992 bis 2019, wann och nëmmen temporär, an engem vun de Prisongen zu Lëtzebuerg placéiert ginn?

qp-goergen-mannerjareger-an-prisongen