Connect with us

Questions parlementaires

Intransparenz an de Verwaltungsréit?

No engem Gesetz vun 1990 kann d’Regierung Fonctionnairen an d’Verwaltungsréit vu Firmae schécken, déi dem Staat gehéieren. Leider ginn et fir esou eng Nominatioun keng offiziell Kritären. Deemno verbitt dëst Gesetz et net, verschidde Fonctionnairë finanziell ze bevirdeelegen, wann d’Regierung et fir richteg hält. Mer wëlle vun de Ministere wëssen, wéi vill d’Wiel zustane kënnt, wéi vill Suen dës Fonctionnairen accordéiert kréien a wou dës Suen am Budget stinn. D’Pirate wëllen transparent Kritäre fir all Decisiounen, déi d’Regierung a Personalfroen trëfft.

A senger deemoleger Question parlementaire n° 605 vum 27. September 1996 hat den honorabelen DPDeputéierten Henri Grethen zum Applizéiere vun der Prozedur vum modifizéierte Gesetz vum 25. Juli 1990 nogefrot.

Nom aktuelle Gesetz kënne Beamten aus der Fonction Publique oder vun den Etablissements publics op Decisioun vum Regierungsrot an d’Verwaltungsréit vun Entreprisë mandatéiert ginn. Et handelt sech heibäi ëm Entreprisen an deenen de Staat Aktionär ass. D’Gesetz gesäit vir, dass d’Remuneratioun, déi d’Beamte kréie – am Gesetz ass vun „Émoluments“ Ried – un de Staat weidergeleet ginn. De Regierungsrot entscheet Cas par Cas iwwert d’Héicht vun de Remuneratiounen, déi de Beamten ausbezuelt ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wéi héich waren d’Montante vun den „Émoluments“, déi säit 2010 vun den Entreprisen, an deenen de Staat Aktionär ass, un de Staat an un d’Etablissements publics ausbezuelt gi sinn (opgelëscht no Ministère an Etablissement public a Joer)?
  2. No der selwechter Oplëschtung wéi an der Fro 1, wéi héich waren d’Montanten u Indemnitéiten, déi Beamte vun der Fonction publique oder bei Etablissements publics säit 2010 vum Regierungsrot accordéiert kruten?
  3. Ënnert wéi enge Budgetsposte vum Budgetsprojet 2019 fënnt een d’Émoluments souwéi d’Indemnitéiten erëm?
  4. Ass fir d’Ernennung vun engem Beamten aus der Fonction publique een offiziellen Akt am Mémorial virgesinn? Falls jo, ëm wéi een Akt handelt et sech? Falls nee, ënnert wéi enger Form gëtt de Beamten d’Participatioun an de Verwaltungsréit vun Entreprisen autoriséiert?
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert