Connect with us

Questions parlementaires

Plastiksverpackunge fir Geméis an Uebst?  

D’Pirate wëllen endlech ee Gesetz, dat den Asaz vu Plastik reegelt. Et ass un der Regierung, d’Reegelen ze definéieren, wéini Plastik benotzt däerf ginn a wéini net. Mer brauchen net op Gesetz vun der EU ze waarden, mer kennen elo scho selwer handelen, andeems mer ee Plastikgesetz erschaffen! Den Här Minister Delles hat an der […]

D’Pirate wëllen endlech ee Gesetz, dat den Asaz vu Plastik reegelt. Et ass un der Regierung, d’Reegelen ze definéieren, wéini Plastik benotzt däerf ginn a wéini net. Mer brauchen net op Gesetz vun der EU ze waarden, mer kennen elo scho selwer handelen, andeems mer ee Plastikgesetz erschaffen!

Den Här Minister Delles hat an der Kommissiounssëtzung vum 20te Mäerz, am Kader vum Suivi vun der Petitioun 1107 iwwert d’Reduzéierung vu Plastiksverpackungen, d’Ausso gemaacht, dass de Plastik am Eenzelhandel, zum Beispill bei Kornischongen (concombre), weiderhi benotzt soll ginn. Wéi d’Süddeutsche Zeitung an engem Artikel vum 21te Mäerz 2019 beriicht, huet Aldi ugekënnegt ab Abrëll 2019 op d’Plastiksverpackung bei Kornischongen ze verzichten. Intern Tester beim Discounter hätte bestätegt, dass duerch eng Upassung vun der Transportketten d’Qualitéit vum Produit och ouni Plastiksverpackung erhale bleift. D’Erspuernis fir den Discounter duerch dës Mesure beleeft sech op 120 Milliounen Tonne Plastik pro Joer.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Bleift den Här Minister Delles bei senger Ausso, dass Plastiksverpackunge bei Kornischongen net ewechzedenke sinn?
  • Ass den Här Minister der Meenung, dass d’Mesure, wéi den Discounter se applizéiert, och zu Lëtzebuerg ëmsetzbar wär?
    • Falls nee, firwat net?
    • Falls jo, kéint déi vum Discounter presentéierte Léisung och op aner Produiten applizéiert ginn?
  • Op der Säit 176 vum Koalitiounsprogramm präziséiert d’Regierung zum Thema Plastik: „Des alternatives seront élaborées en associant davantage le secteur du commerce.“ Gedenkt d’Regierung de Gebrauch vum Plastik am Eenzelhandel, onofhängeg zu den EU-Direktiven, weider ze legiferéieren? Falls jo, wéini gedenkt d’Regierung de Gebrauch vu Plastik ze legiferéieren a wéi eng zousätzlech Mesurënn si virgesinn?
  • Huet d’Regierung scho Gespréicher mat de Vertrieder vum lëtzebuergeschen Eenzelhandel gefouert? Falls jo, wat waren d’Auskommen vun dëse Gespréicher am Hannergrond vun enger Reduzéierung vu Plastik am Eenzelhandel?
  • Ass den Här Minister Delles der Meenung, dass duerch eng Reduzéierung oder ee Verbuet vum Plastik am Eenzelhandel d’Produite präisstabil bleiwen?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc
Député