Connect with us

EU Wahlen 2019

Wéi gutt steet et ëm den Déiereschutz zu Lëtzebuerg?

Zu Lëtzebuerg muss am Déiereschutz nach vill gemaach ginn. Trotz 6 Joer “déi Gréng” an der Regierung, ginn et nach vill Mëssstänn hei am Land. Mer hunn d’Regierung e puer Froen iwwert gewësse Punkte vum Déiereschutzgesetz ugeschwat. Eis parlamentaresch Fro dozou: Här President, Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech […]

Zu Lëtzebuerg muss am Déiereschutz nach vill gemaach ginn. Trotz 6 Joer “déi Gréng” an der Regierung, ginn et nach vill Mëssstänn hei am Land. Mer hunn d’Regierung e puer Froen iwwert gewësse Punkte vum Déiereschutzgesetz ugeschwat.

Eisen EU Kandidat Daniel Frères ass ee „Cage fighter“

Eis parlamentaresch Fro dozou:

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Landwirtschaft weiderzeleeden.

Dat zweet Kapitel vum Déiereschutzgesetz vun 2018 reegelt zesumme mam Reglement vum 5.12.2018 d’Modalitéiten zum Hale vun Déieren. Gewëssen Déiereschutzorganisatiounen hunn eis awer op Lacunnen an dësem Gesetz opmierksam gemaacht.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Wéi vill Infraktioune goufe géint d’Artikel 4 a 5 vum Déiereschutzgesetz säit der Aféierung vum Gesetz konstatéiert?
  • Wéi vill vun dësen Infraktiounen hunn zu enge vun de genannte Strofe vum Artikel 17 vum genannte Gesetz gefouert? Artikel 10 (3) vum Reglement zur Hale vun Déiere gesäit vir, dass Muppen temporär dierfen un eng Ketten ugestréckt sinn déi net méi kuerz wéi 6 Meter däerf sinn. – Wéi vill Fäll sinn dem Här Minister bekannt, an deene géint dës Bestëmmung verstouss ginn ass? Ginn präventiv Kontrollen duerchgefouert, fir Mëssstänn ze verhënneren?
  • Den Artikel 14 (5) vum Reglement zur Hale vun Déiere gesäit vir, dass Katzen, déi op landwirtschaftleche Betriber liewen, net musse gechippt, steriliséiert oder kastréiert ginn. Kann den Här Minister erklären, firwat dës Derogatioun virgesinn ass? Wat ass den Ënnerscheed tëscht enger Katz, déi op engem Bauerenhaff lieft an enger, déi bei enger Privatpersoun lieft?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député

Continue Reading