Connect with us

Questions parlementaires

Ginn d’Wëllschwäin elo massiv ofgeschoss?

D’Regierung hat den 8te Mäerz decidéiert, d’Juegd op Wëllschwäin schoun dëse Mount ze erlaben, mat der Begrënnung d’afrikanesch Schwéngspescht anzedämmen. Mer froen eis, firwat a wéi dës Erlaabnis zustane komm ass a wien d’Regierung do wuel mat beroden huet? Den 8ten Mäerz huet de Regierungsrot säin Accord ginn, fir d’Juegd op Wëllschwäin ze Erëffnungen. Esou […]

D’Regierung hat den 8te Mäerz decidéiert, d’Juegd op Wëllschwäin schoun dëse Mount ze erlaben, mat der Begrënnung d’afrikanesch Schwéngspescht anzedämmen. Mer froen eis, firwat a wéi dës Erlaabnis zustane komm ass a wien d’Regierung do wuel mat beroden huet?

Den 8ten Mäerz huet de Regierungsrot säin Accord ginn, fir d’Juegd op Wëllschwäin ze Erëffnungen. Esou däerfen d’Wëllschwäinn, am Géigesaz zu de virege Joren, dëst Joer schonn ab Mäerz geschoss ginn. D’Begrënnung fir dës exzeptionell Ouverture fousst op de Konklusioune vum Rapport vun der Task Force fir d’Schwéngspescht, fir d’Verbreedung vun der Krankheet verhënneren.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Wëllschwäin goufen zu Lëtzebuerg positiv op d’afrikanesch Schwéngspescht getest?
  2. Wei ustiechend ass d’Schwéngschpescht fir Mënschen? Falls d’Äntwert
    negativ ass, wéi rechtfäerdegt d’Regierung d’massivt Ofschéisse vu Wëllschwäi an der Ofwiesenheet vun direkte Risiken vun der Schwéngspescht op d’Gesondheet vum Mënsch?
  3. Goufe bei de Gespréicher vun der Task Force fir d’Schwéngspescht och
    Meenunge vun Déiereschutzorganisatiounen, déi am Artikel 6 (3) vum Déiereschutzgesetz definéiert sinn, ageholl? Falls jo, wat waren d’Positioune vun den eenzelen Associatiounen a wéi huet d’Regierung dës Positiounen an de Reglement matgedroen? Falls nee, gesäit d’Regierung et net als relevant un Déiereschutzorganisatiounen an dëst Themefeld matanzebezéien?
  4. Gesäit d’Regierung d’Jeeër als Partner bei der Bekämpfung vun der Schwéngspescht?
  5. Wäert d’Regierung der Jeeërfederatioun FSHCL hire Fuerderung nokommen, d’Juegd op Wëllschwäin op dat ganzt Joer auszebreeden?
  6. Wäert d’Regierung der Jeeërfederatioun FSHCL hire Fuerderung nokommen, de Gebrauch vun hallefautomatesche Waffe fir d’Juegd ze erlaben?
  7. Wäert d’Regierung fir d’Juegd vu Wëllschwäin d’Klappjuegd als Juegdmethod recommandéieren?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député