iPads an de Schoulen: wat geschitt dono?

Am Kader vun den agefouerten iPads hunn ech dem Bildungsminister schonns e puer Froe gestallt. Eng weider Fro, déi sech stellt, ass déi, wat mat den Tablette geschitt, nodeems se am Bildungsministère ausgedéngt hunn. An der Äntwert op meng Fro n°617 schreift de Minister

D’Ziil ass, d’Notzung vun den iPads esoulaang wéi méiglech ze verlängeren. Et ass ugeduecht datt, no enger Notzung an de Schoule vu véier Joer, déi Apparater déi nach gutt fonctionnéieren, weiderhi kënnen agesat ginn, andeems se fir e gerénge Prais u Schüler verkaf ginn oder un Associatioune verdeelt ginn. Déi Apparater déi net méi fonctionnéieren ginn fachgerecht entsuergt a recycléiert. 

Effektiv ass et esou, dass d’Schüler den iPad op Basis vun engem Forfait lounen. No e puer Joren huet de Schüler dann d’Méiglechkeet, den iPad zum Reschtwäert ofzekafen a fir de private Gebrauch ze benotzen. D’Schüler hunn awer och d’Optioun, den iPad net ofzekafen, woubäi d’Gerät dann am Besëtz vum Bildungsministère bleift. 

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. De Minister rechent mat enger Liewensdauer vu ronn 4 Joer bei de meeschten iPads. Heescht dat, dass ee Schüler wärend senger Schoulkarriär nom aktuelle System all 4 Joer een neien iPad kritt, falls säin aktuellen iPad net méi funktionéiert? Wéi eng Krittäre gi fir de Fonctionnement vun der Tablette a Betruecht gezunn?
  2. Eng Schoulkarriär dauert, ouni d’Widderhuele vu verschiddene Cyclen, ronn 15 Joer. Falls d’Liewensdauer pro iPad 4 Joer bedréit, bedeit dat, dass ee Schüler wärend senger Schoulkarriär bis zu véier nei iPads vum Ministère verleast kritt? Falls dëst zoutrëfft, stellt dës Praxis fir de Minister eng nohalteg Prozedur duer?
  3. Ass fir all Schüler wärend senger Schoulkarriär virgesinn nëmmen ee Mol vun der “Leasingoffer” fir iPads kënnen ze profitéieren? Falls nee, wéi wëll de Minister verhënneren, dass d’Schüler ëmmer ërem nei iPads leasen aplaz se ofzekafen? 

Wat ass den Impakt vun den iPads an de Schoulen?

A menge parlamentaresche Froen n°617 an 1351 hat ech dem Educatiounsminister Froen iwwert d’Aféierung vun Tabletten am Schoulunterrecht gestallt. Aus den Äntwerte geet ervir, dass d’Aféiere vun neien Technologien ee laangjärege Prozess ass, deen a villen Aspekter, wéi z.B. dem Dateschutz an de Formatioune vum Léierpersonal, gutt begleet muss ginn. Säit 2017 sinn d’Tabletten elo schonns am Asaz, mee et goufe bis ewell nach keng Impaktanalyse verëffentlecht.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Existéieren säitens dem Bildungsministère oder aaneren staatlechen Institutiounen Analysen/Etüden, déi den Impakt vun der Aféierung vun den Tabletten am Schoulunterrecht evaluéieren? 
    Falls jo, wat ass den Ëmfang vun dësen Etüden a wéi eng Aspekter ginn analyséiert? 
  2. Falls Analysen oder Etüden existéieren, am Gaang oder geplangt sinn, wéi eng Donnéeë komme fir d’Datenerhiewung vun dësen Etüden jeeweils a Fro? Gi fir d’Etüden och Donnéeë vun den iPads erhuewen an ausgewäert? 
    • Falls jo,  
      • sinn d’Schüler, respektiv hier Elteren, iwwert dës Datenerhiewung informéiert an hunn se dëser zougestëmmt? 
      • wéi vill iPads ginn analyséiert?
      • wéi eng Donnéeë vun den iPads si fir d’Etüd relevant?

Premièresexamen 2019 – Froen zur d’Hierschtsessioun

Nächst Woch fënnt d’Hierschtsessioun vun den Ofschlossexamen am Secondaire statt. Eis gouf vu verschidde Schüler zougedroen, dass d’Organisatioun vun dëser Sessioun engem zimlech straffen Zäitplang ënnerläit. An effektiv hu mir festgestallt, dass d’Schüler a grad mol 4 Deeg ronn 11 Exame schreiwe sollen, woubäi 9 Examen op 3 Deeg verdeelt sinn. Am Vergläich: fir d’Summersessioun 2019 hat ee Schüler ee bis zwee Examen pro Dag ze schreiwen. 

Ween schonn een Examen op Première geschriwwen huet, dee weess, wat fir ee Konzentratiounseffort fir dës Prüfungen néideg ass. Nom Artikel 2 vum Reglement Grand-Ducal iwwert d’Organisatioun vum Ofschlossexamen am Secondaire steet et dem Minister fräi, d’Examen ze organiséieren.

An deem Zesummenhang hu mir dem Bildungsminister folgend Froe gestallt.

  1. Firwat fannen d’Ofschlossexamen an der Hierschtsessioun, am Vergläich zu den Examen an der Summersessioun, an esou engem enken Zäitraum statt?
  2. Gesäit de Minister an, dass et fir d’Schüler vun der Hierschtsessioun eng Ufuerderung ass, 3 Ofschlossexamen an engem Dag ze schreiwen?
  3. Gesäit de Minister ee Risiko, dass d’Organisatioun vun der Hierschtsessioun d’Schüler am Verglach zu de Participanten aus der Summersessioun benodeelegt?
    • Falls nee, kann de Minister dëst unhand vun de Notten aus de leschte Jore beleeën?
  4. Wäert de Minister an Zukunft d’maximal Unzuel vun Exame pro Dag iwwert de Reglement Grand-Ducal deckelen? 
    • Falls jo, bis wéini gedenkt hien dat ze maachen?
    • Falls nee, firwat net?

Ee CDD, deen ni ophält?

Mir wëlle vun der Regierung wëssen, firwat d’Reegelen am Aarbechtsgesetz zum CDD fir verschidde Beruffer net gëlle sollen.

Hei ass eis Fro:

De Code du Travail reegelt d’Konditiounen vum Asaz vun engem Contrat à durée déterminée (CDD). Den Artikel 122-1 reegelt d’Bedéngungen, an deenen ee CDD däerf agesat ginn. Hien definéiert, dass de CDD just fir eng präzis a befrist Aufgab opgestallt gëtt. Eng permanent Beschäftegung ënnerhalb dem normalen Aarbechtsoflaf gëtt domat also ausgeschloss.

Trotzdeem ginn et hei am Land nach CDDen, déi dësem Prinzip vun der zäitlecher Limitatioun net entspriechen. Fir bestëmmte Beruffer, dorënner och d’Chargé de Cours, gëllen nämlech Exceptiounen, soudass ee CDD fir dës Beruffer méi wéi 24 Méint bedroe kann an och méi wéi zweemol ka verlängert ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Opgelëscht no all Punkt vum Artikel 122-5 Paragraf (3) vum Code du Travail, firwat sinn déi an dësem Paragraf genannte Beruffer vun de gängegen Dispositioune vum CDD ausgeholl? No der selwechter Oplëschtung, ass d’Regierung der Meenung, dass dës Ausname par Rapport zu de generelle Konditioune vum CDD justifiéiert sinn?
    • Falls jo, wat schwätzt fir d’Erhale vun der aktueller Derogatioun?
    • Falls nee, wéi wëll d’Regierung dozou legiferéieren?