Connect with us

Questions parlementaires

iPads an de Schoulen: wat geschitt dono?

Am Kader vun den agefouerten iPads hunn ech dem Bildungsminister schonns e puer Froe gestallt. Eng weider Fro, déi sech stellt, ass déi, wat mat den Tablette geschitt, nodeems se am Bildungsministère ausgedéngt hunn. An der Äntwert op meng Fro n°617 schreift de Minister

D’Ziil ass, d’Notzung vun den iPads esoulaang wéi méiglech ze verlängeren. Et ass ugeduecht datt, no enger Notzung an de Schoule vu véier Joer, déi Apparater déi nach gutt fonctionnéieren, weiderhi kënnen agesat ginn, andeems se fir e gerénge Prais u Schüler verkaf ginn oder un Associatioune verdeelt ginn. Déi Apparater déi net méi fonctionnéieren ginn fachgerecht entsuergt a recycléiert. 

Effektiv ass et esou, dass d’Schüler den iPad op Basis vun engem Forfait lounen. No e puer Joren huet de Schüler dann d’Méiglechkeet, den iPad zum Reschtwäert ofzekafen a fir de private Gebrauch ze benotzen. D’Schüler hunn awer och d’Optioun, den iPad net ofzekafen, woubäi d’Gerät dann am Besëtz vum Bildungsministère bleift. 

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. De Minister rechent mat enger Liewensdauer vu ronn 4 Joer bei de meeschten iPads. Heescht dat, dass ee Schüler wärend senger Schoulkarriär nom aktuelle System all 4 Joer een neien iPad kritt, falls säin aktuellen iPad net méi funktionéiert? Wéi eng Krittäre gi fir de Fonctionnement vun der Tablette a Betruecht gezunn?
  2. Eng Schoulkarriär dauert, ouni d’Widderhuele vu verschiddene Cyclen, ronn 15 Joer. Falls d’Liewensdauer pro iPad 4 Joer bedréit, bedeit dat, dass ee Schüler wärend senger Schoulkarriär bis zu véier nei iPads vum Ministère verleast kritt? Falls dëst zoutrëfft, stellt dës Praxis fir de Minister eng nohalteg Prozedur duer?
  3. Ass fir all Schüler wärend senger Schoulkarriär virgesinn nëmmen ee Mol vun der „Leasingoffer“ fir iPads kënnen ze profitéieren? Falls nee, wéi wëll de Minister verhënneren, dass d’Schüler ëmmer ërem nei iPads leasen aplaz se ofzekafen? 
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert