32 Milliounen Euro fir ee Regierungspavillon an Dubai?

D’Lëtzebuerger Regierung mëscht 32 Milliounen Euro locker, fir ee Pavillon op der Weltexpo zu Dubai bauen ze loossen. Dëse Pavillon gëtt, no 6 Méint am Asaz, dann erëm demoléiert a recycléiert. Doriwwer eraus stellt sech d’Fro vun de Mënscherechter vum Personal an Dubai. D’Regierung soll kloer Faarf bekennen an erzielen, wéi eng Interessen hannert dësen Ausgaben stinn.

Am Folgende Text fannt dir een Ausschnëtt aus der Question Parlementaire:

Op der Expo 2020 an Dubai wäert Lëtzebuerg mat engem Pavillon vertruede sinn. D’Käschte vum Bau vum Pavillon souwéi d’Fraisen vum Fonctionnement ginn duerch ee Private-Public- Partnership finanzéiert an dem d’Regierung sech, sou den Informatioune vun der Generalkommissärin Maggy Nagel no, mat 32 Milliounen bedeelegt. Dës investéiert Zomm erschéngt héich, wann ee bedenkt, dass de Pavillon no der Expositioun demoléiert a recycléiert wäert ginn. Des Weideren stellen sech Bedenken iwwert de Bau vum Pavillon, wann ee weess, wéi et ëm d’Mënschen-an Aarbechtsrechtssituatioun an den Vereenegten Arabeschen Emirate bestellt ass.
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Kann d’Regierung confirméieren, dass déi vun der Regierung confirméiert Contributioun vun 32 Milliounen Euro, wäert agehale ginn? Ass den Ofbau an de Recyclage vum Pavillon an dësen 32 Milliounen Euro virgesinn?
  2. Consideréiert d’Regierung, déi 32 Milliounen Euro fir d’Expo 2020 Dubai als Investment oder als Charge? Falls d’Regierung d’Zomm als Investment gesäit, mat wéi engen direkten oder indirekte Recetten rechent den Här Minister Schneider
    a. wärend der Expo 2020 Dubai?
    b. An de Jore no der Expo 2020 Dubai?
  3. Ass d’Regierung der Meenung, dass ee Pavillon, dee 32 Milliounen Euro kascht, sechs Méint a Betrib wäert sinn an dono erëm ofgerappt gëtt, ee nohaltege Projet duerstellt?
  4. Wéi een Aarbechtsrecht gëllt fir d’Personal, dat um Bau vum Pavillon bedeelegt ass an de Betrib vum Pavillon wärend der Expo 2020 garantéiert?
  5. Stuuft d’Regierung den Aarbechterschutz an den Emiraten ähnlech héich an wéi de lëtzebuergesche Code du Travail ?
  6. Opgeschlësselt op d’Joren 2017 bis 2021, wéi eng Ausgaben si fir de Management vum Groupement d’Intérêt Economique “Luxembourg @ Expo 2020 Dubaï EXPO GIE DUBAI” virgesinn? Wéi vill Persounen hunn een Aarbechtskontrakt an
    dësem Groupement d’Intérêt Economique?
  7. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’VAE fräiheetlech, rechtsstaatlech an demokratesch Wäerter vertrieden? Wéi jugéiert d’Regierung d’Mënscherechtssituatioun an den VAE?
  8. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’wirtschaftlech Interesse vun der Participatioun un der Expo 2020 Dubai méi wichteg sinn wéi de Respekt vun de Mënscherechter an den Emiraten? Falls nee, wéi eng Mesuren wäert d’Regierung ënnerhuelen, fir sech fir d’Stäerkung vun de Mënscherechter an de VAE anzesetzen?

Plastiksverpackunge fir Geméis an Uebst?  

D’Pirate wëllen endlech ee Gesetz, dat den Asaz vu Plastik reegelt. Et ass un der Regierung, d’Reegelen ze definéieren, wéini Plastik benotzt däerf ginn a wéini net. Mer brauchen net op Gesetz vun der EU ze waarden, mer kennen elo scho selwer handelen, andeems mer ee Plastikgesetz erschaffen!

Den Här Minister Delles hat an der Kommissiounssëtzung vum 20te Mäerz, am Kader vum Suivi vun der Petitioun 1107 iwwert d’Reduzéierung vu Plastiksverpackungen, d’Ausso gemaacht, dass de Plastik am Eenzelhandel, zum Beispill bei Kornischongen (concombre), weiderhi benotzt soll ginn. Wéi d’Süddeutsche Zeitung an engem Artikel vum 21te Mäerz 2019 beriicht, huet Aldi ugekënnegt ab Abrëll 2019 op d’Plastiksverpackung bei Kornischongen ze verzichten. Intern Tester beim Discounter hätte bestätegt, dass duerch eng Upassung vun der Transportketten d’Qualitéit vum Produit och ouni Plastiksverpackung erhale bleift. D’Erspuernis fir den Discounter duerch dës Mesure beleeft sech op 120 Milliounen Tonne Plastik pro Joer.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Bleift den Här Minister Delles bei senger Ausso, dass Plastiksverpackunge bei Kornischongen net ewechzedenke sinn?
  • Ass den Här Minister der Meenung, dass d’Mesure, wéi den Discounter se applizéiert, och zu Lëtzebuerg ëmsetzbar wär?
    • Falls nee, firwat net?
    • Falls jo, kéint déi vum Discounter presentéierte Léisung och op aner Produiten applizéiert ginn?
  • Op der Säit 176 vum Koalitiounsprogramm präziséiert d’Regierung zum Thema Plastik: “Des alternatives seront élaborées en associant davantage le secteur du commerce.” Gedenkt d’Regierung de Gebrauch vum Plastik am Eenzelhandel, onofhängeg zu den EU-Direktiven, weider ze legiferéieren? Falls jo, wéini gedenkt d’Regierung de Gebrauch vu Plastik ze legiferéieren a wéi eng zousätzlech Mesurënn si virgesinn?
  • Huet d’Regierung scho Gespréicher mat de Vertrieder vum lëtzebuergeschen Eenzelhandel gefouert? Falls jo, wat waren d’Auskommen vun dëse Gespréicher am Hannergrond vun enger Reduzéierung vu Plastik am Eenzelhandel?
  • Ass den Här Minister Delles der Meenung, dass duerch eng Reduzéierung oder ee Verbuet vum Plastik am Eenzelhandel d’Produite präisstabil bleiwen?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc
Député

Medezinesche Cannabis zu Lëtzebuerg

Mat der kommender Legaliséierung vum Cannabis soll vun der Produktioun bis zum Verkaf alles iwwert de Staat gereegelt ginn. Mer wëlle vun der Regierung wëssen, wéi hir Strategie hei ausgesäit an op hei scho konkret Schrëtt ënnerholl gi sinn.

Duerch d’Gesetz vum 20. Juli 2018 ass den Asaz vum medezinesche Cannabis no joerzéngtelaangen Diskussiounen endlech eng Realitéit ginn. Fir Mënsche mat chronescher Péng stellt d’Anhuele vu cannabishaltëge Produkter eng raisonnabel Alternativen zu anere Medikamenter duer. De medezinesche Cannabis, deen zu Lëtzebuerg verkaf gëtt, gëtt aktuell aus anere Länner importéiert. Vun engem ekologeschen a logistesche Standpunkt aus gesi, stellt sech awer d’Fro, ob den Import aus europäeschen Noperlänner keng sënnvoll Alternativ wär.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Opgelëscht no den Hierkonftslänner, wéi eng Quantitéit u medezineschem Cannabis ass säit der Promulgatioun vum Gesetz vum 20. Juli 2018 op Lëtzebuerg importéiert ginn?
  • Gouf et vum lëtzebuergeschen Gesondheetsministère eng ëffentlech Ausschreiwung fir eng Commande vu medezineschem Cannabis? Falls jo, wéi eng Kritäre sinn heibäi consideréiert ginn? Falls nee, ass beim Kaf vum medezinesche Cannabis am Ausland de Präis iwwert ëffentlech Verhandlungen zustane komm? Wéi eng Offere louchen dem Gesondheetsministère an dem Fall vir, wat waren d’Präisser an d’Konditioune vun dësen Offeren a firwat huet de Minister sech fir déi gewielten Offer entscheet?
  • Huet d’Regierung scho Schrëtt ënnerholl, fir bilateral Accorde mat europäeschen Nopeschlänner zum Handel vu medezinesche Cannabis ze fannen? Falls jo, wéi eng Gespréicher sinn zu dem Thema ofgehale ginn a wat fir eng Fortschrëtt si festgehale ginn? Falls nee, gedenkt d’Regierung, och ugesiichts vun der Legaliséierung vum Cannabis zum rekreative Gebrauch, dës Gespréicher mat europäeschen Autoritéiten ze sichen?
  • Si virum Hannergrond, dass d’Produktioun an de Verkaf vum rekreative Cannabis zu Lëtzebuerg der Kontroll vum Staat sollen ënnerleien (Säit 105 am Koalitiounsvertrag), scho konkret Schrëtt ënnerholl ginn fir déi staatlech Kontroll och am Beräich vum medezinesche Cannabis ëmzesetzen?
  • Gesäit d’Regierung, och en vue vun der zukünfteger Legaliséierung vum Cannabis zum rekreative Gebrauch, d’Aféiere vun enger staatlecher Agence fir de Cannabis vir? Falls jo, wéini soll dës opgemaacht ginn?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député

Keng Sue fir d’Pompjeeën (CGDIS)

Eis fräiwëlleg Pompjeeë kruten hir Indemnitéite bis haut nach net ausbezuelt. D’Pirate wëlle vun der Ministesch Taina Bofferding wëssen, firwat dëst de Fall ass.

De Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) stellt een onverzichtbare Pilier vun eiser Gesellschaft duer. De selbstlosen Asaz vu ville Fräiwëllege rett all Dag vill Liewen zu Lëtzebuerg a wär ouni dës net funktiounsfäeg. Den Artikel 35 vum Gesetz vum 27. Mäerz 2018 beseet, dass d’Volontairen eng steierfräi Indemnitéit fir den Asaz beim CGDIS kënne kréien, déi vum Conseil d’Administration vum CGDIS decidéiert a vum Regierungsrot accordéiert gëtt. No den Informatiounen op der Website vum CGDIS gëtt den Engagement aktuell mat 1€/Stonn entlount. Verschidde Fräiwëlleger hunn eis beriicht, dass si – Stand haut – nach guer keng Indemnisatioun iwwerwise kruten.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass d’Indemnitéite fir d’fräiwëlleg Pompjeeë schonn ausbezuelt goufen? Falls jo, wéini goufe se ausbezuelt?
  • Wat sinn d’Grënn vun der spéider Ausbezuelung vun den Indemnitéiten?
  • Etant donné,
  1. dass de Fonctionnement vum CGDIS op eng grouss Unzuel vu Fräiwëlleger ugewisen ass,
  2. dass den Engagement vill Fräizäit fir d’Volontaire fuerdert,
  3. der Ausso vum Koalitiounsofkommes op der Säit 54: “Une attention particulière sera portée aux pompiers bénévoles qui, ensemble avec les pompiers professionnels, sont les piliers de nos services de secours.” ass d’Madamm Ministesch Bofferding der Meenung, dass de Benevolat beim CGDIS nach besser misst entlount ginn? Falls nee, wat ass hir Erklärung?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député