Connect with us

Questions parlementaires

Medezinesche Cannabis zu Lëtzebuerg

Mat der kommender Legaliséierung vum Cannabis soll vun der Produktioun bis zum Verkaf alles iwwert de Staat gereegelt ginn. Mer wëlle vun der Regierung wëssen, wéi hir Strategie hei ausgesäit an op hei scho konkret Schrëtt ënnerholl gi sinn. Duerch d’Gesetz vum 20. Juli 2018 ass den Asaz vum medezinesche Cannabis no joerzéngtelaangen Diskussiounen endlech […]

Mat der kommender Legaliséierung vum Cannabis soll vun der Produktioun bis zum Verkaf alles iwwert de Staat gereegelt ginn. Mer wëlle vun der Regierung wëssen, wéi hir Strategie hei ausgesäit an op hei scho konkret Schrëtt ënnerholl gi sinn.

Duerch d’Gesetz vum 20. Juli 2018 ass den Asaz vum medezinesche Cannabis no joerzéngtelaangen Diskussiounen endlech eng Realitéit ginn. Fir Mënsche mat chronescher Péng stellt d’Anhuele vu cannabishaltëge Produkter eng raisonnabel Alternativen zu anere Medikamenter duer. De medezinesche Cannabis, deen zu Lëtzebuerg verkaf gëtt, gëtt aktuell aus anere Länner importéiert. Vun engem ekologeschen a logistesche Standpunkt aus gesi, stellt sech awer d’Fro, ob den Import aus europäeschen Noperlänner keng sënnvoll Alternativ wär.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Opgelëscht no den Hierkonftslänner, wéi eng Quantitéit u medezineschem Cannabis ass säit der Promulgatioun vum Gesetz vum 20. Juli 2018 op Lëtzebuerg importéiert ginn?
  • Gouf et vum lëtzebuergeschen Gesondheetsministère eng ëffentlech Ausschreiwung fir eng Commande vu medezineschem Cannabis? Falls jo, wéi eng Kritäre sinn heibäi consideréiert ginn? Falls nee, ass beim Kaf vum medezinesche Cannabis am Ausland de Präis iwwert ëffentlech Verhandlungen zustane komm? Wéi eng Offere louchen dem Gesondheetsministère an dem Fall vir, wat waren d’Präisser an d’Konditioune vun dësen Offeren a firwat huet de Minister sech fir déi gewielten Offer entscheet?
  • Huet d’Regierung scho Schrëtt ënnerholl, fir bilateral Accorde mat europäeschen Nopeschlänner zum Handel vu medezinesche Cannabis ze fannen? Falls jo, wéi eng Gespréicher sinn zu dem Thema ofgehale ginn a wat fir eng Fortschrëtt si festgehale ginn? Falls nee, gedenkt d’Regierung, och ugesiichts vun der Legaliséierung vum Cannabis zum rekreative Gebrauch, dës Gespréicher mat europäeschen Autoritéiten ze sichen?
  • Si virum Hannergrond, dass d’Produktioun an de Verkaf vum rekreative Cannabis zu Lëtzebuerg der Kontroll vum Staat sollen ënnerleien (Säit 105 am Koalitiounsvertrag), scho konkret Schrëtt ënnerholl ginn fir déi staatlech Kontroll och am Beräich vum medezinesche Cannabis ëmzesetzen?
  • Gesäit d’Regierung, och en vue vun der zukünfteger Legaliséierung vum Cannabis zum rekreative Gebrauch, d’Aféiere vun enger staatlecher Agence fir de Cannabis vir? Falls jo, wéini soll dës opgemaacht ginn?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député