Connect with us

Questions parlementaires

32 Milliounen Euro fir ee Regierungspavillon an Dubai?

D’Lëtzebuerger Regierung mëscht 32 Milliounen Euro locker, fir ee Pavillon op der Weltexpo zu Dubai bauen ze loossen. Dëse Pavillon gëtt, no 6 Méint am Asaz, dann erëm demoléiert a recycléiert. Doriwwer eraus stellt sech d’Fro vun de Mënscherechter vum Personal an Dubai. D’Regierung soll kloer Faarf bekennen an erzielen, wéi eng Interessen hannert dësen Ausgaben stinn.

Am Folgende Text fannt dir een Ausschnëtt aus der Question Parlementaire:

Op der Expo 2020 an Dubai wäert Lëtzebuerg mat engem Pavillon vertruede sinn. D’Käschte vum Bau vum Pavillon souwéi d’Fraisen vum Fonctionnement ginn duerch ee Private-Public- Partnership finanzéiert an dem d’Regierung sech, sou den Informatioune vun der Generalkommissärin Maggy Nagel no, mat 32 Milliounen bedeelegt. Dës investéiert Zomm erschéngt héich, wann ee bedenkt, dass de Pavillon no der Expositioun demoléiert a recycléiert wäert ginn. Des Weideren stellen sech Bedenken iwwert de Bau vum Pavillon, wann ee weess, wéi et ëm d’Mënschen-an Aarbechtsrechtssituatioun an den Vereenegten Arabeschen Emirate bestellt ass.
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Kann d’Regierung confirméieren, dass déi vun der Regierung confirméiert Contributioun vun 32 Milliounen Euro, wäert agehale ginn? Ass den Ofbau an de Recyclage vum Pavillon an dësen 32 Milliounen Euro virgesinn?
  2. Consideréiert d’Regierung, déi 32 Milliounen Euro fir d’Expo 2020 Dubai als Investment oder als Charge? Falls d’Regierung d’Zomm als Investment gesäit, mat wéi engen direkten oder indirekte Recetten rechent den Här Minister Schneider
    a. wärend der Expo 2020 Dubai?
    b. An de Jore no der Expo 2020 Dubai?
  3. Ass d’Regierung der Meenung, dass ee Pavillon, dee 32 Milliounen Euro kascht, sechs Méint a Betrib wäert sinn an dono erëm ofgerappt gëtt, ee nohaltege Projet duerstellt?
  4. Wéi een Aarbechtsrecht gëllt fir d’Personal, dat um Bau vum Pavillon bedeelegt ass an de Betrib vum Pavillon wärend der Expo 2020 garantéiert?
  5. Stuuft d’Regierung den Aarbechterschutz an den Emiraten ähnlech héich an wéi de lëtzebuergesche Code du Travail ?
  6. Opgeschlësselt op d’Joren 2017 bis 2021, wéi eng Ausgaben si fir de Management vum Groupement d’Intérêt Economique „Luxembourg @ Expo 2020 Dubaï EXPO GIE DUBAI“ virgesinn? Wéi vill Persounen hunn een Aarbechtskontrakt an
    dësem Groupement d’Intérêt Economique?
  7. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’VAE fräiheetlech, rechtsstaatlech an demokratesch Wäerter vertrieden? Wéi jugéiert d’Regierung d’Mënscherechtssituatioun an den VAE?
  8. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’wirtschaftlech Interesse vun der Participatioun un der Expo 2020 Dubai méi wichteg sinn wéi de Respekt vun de Mënscherechter an den Emiraten? Falls nee, wéi eng Mesuren wäert d’Regierung ënnerhuelen, fir sech fir d’Stäerkung vun de Mënscherechter an de VAE anzesetzen?
Continue Reading
1 Comment

1 Comment

  1. Pingback: 32 Milliounen Euro fir ee Regierungspavillon an Dubai? | Kantonen.lu CANTONS.LU

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert