Connect with us

Questions parlementaires

Social Media Accounts vu Ministeren

Facebook, Twitter, Instagram. Vill vun de Ministerinnen a Minister sinn op Social Media aktiv. Mer hunn de Staatsminister gefrot, wéi d’Benotzung vu Social Media ënnerhalb vun der Regierung gehandhaabt gëtt an ob hei Verhalensreegelen opgestallt gi sinn.

D’Benotze vu Social Media zu Promotiounszwecker ass hautzedaags een essentiellt Element vun all Publicitéit. Och an der Politik si Social Media Konten nëtzlech, fir am Austausch mat der Gesellschaft ze sinn. An dem Kontext haat den Den Här Minister Bausch ugekënnegt, sein Twitter-Konto opzeléisen an d’Plattform an Zukunft net méi weider ze benotzen.

All Inhalt, deen e Politiker op de soziale Medie post, ass gläichzäiteg eng Informatioun, déi d’ëffentlech Perceptioun vun der Identitéit vun der Persoun an der Partei beaflosst. Wann zum Beispill d’Madamm Familljeministesch op Twitter, wéi et rezent de Fall war, eng Foto vu sech mam Här Premierminister publizéiert, op der d’Logo vun enger grousser internationaler Versécherungsgesellschaft ze gesinn ass, kéint dat de Bierger noleen, dass déi ofgebillten Persoun an hir Partei dës Organisatioun ënnerstëtzen oder vun hir ënnerstëtzt ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Existéiere fir d’Regierungsmembere Reegelen, déi d’Deelen oder d’Publizéiere vu Contenuen op Social Media definéieren? Wien ass responsabel fir d’Benotzung vun de Social Media Konte vun de Regierungsmemberen? Däerf all Minister seng Contenuen op Social Media selwer bestëmmen?
  2. Wéi eng Regierungsmembere verwalten hir Social Media Konte selwer? Wéi eng Regierungsmembere loossen d’Gestioun vun hire Konten duerch Assistenten oder Mataarbechter bedreiwen?

3. Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung zum Posten an Deele vu Logoe vu grousse Privatentreprisen duerch d’Konte vu gewielte Volleksvertrieder? Mengt d’Regierung net, dass esou Posts falsch Zeeche vis-à-vis vun der Impartialitéit vun engem Mandat setze kënnen? Falls nee, firwat net?

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert