Connect with us

Questions parlementaires

Expo Dubai 2020

A menger parlamentarescher Fro n°647 hunn ech no méi Informatiounen iwwert de lëtzebuergesche Pavillon gefrot, dee fir d’Weltexpo am Joer 2020 zu Dubai opgestallt gëtt an de Steierzueler zu Lëtzebuerg ronn 32 Millioune kascht. Dës Weideren hunn ech och fir d’Verschrottung, respektiv de Recycling vum Pavillon, d’Aarbechtsbedéngunge vun de Mënschen um Pavillon selwer an eng Aschätzung vun der Regierung iwwert d’Mënscherechtssituatioun an de VAE gefrot.

An hirer Äntwert sinn déi zoustänneg Ministeren alleguerten averstanen, dass de Pavillon ee gudden Investissement duerstellt, deen sech op laang Siicht allerdéngs awer net chiffréiere léisst. Lëtzebuerg hätt op der Platz vill Interêten an et wär déi éischte Kéier, dass eng Weltexpo am mëttleren Osten stattfënnt. D’Ministere verweisen drop, dass d’Aarbechtsrecht um Gelänn vun der Weltexpo generell méi héije Standarden ënnerläit an dass dës Rechter mat an d’Aarbechtsrecht an den VAE wäerte legiferéiert ginn.

Mat Bezuch op d’Mënscherechtssituatioun an den Emirater schreiwen d’Ministeren, dass d’Problemer bekannt sinn a verweise virun allem op d’Avis’en vun internationalen ONGen. Effektiv weist zum Beispill den Human Rigths Watcha sengem Rapport 2019, dass d’Gesetzgebung an de VAE haislech Gewalt erlaabt oder d’LGBTIQ-Communautéit an den Emirater duerch de Gesetzesapparat ënnerdréckt a verfollegt gëtt. Kritesch Stëmme ginn an de VAE generell ënnerdréckt, d’Meenungs- an d’Pressefräiheet si quasi inexistent.

Et bleift also festzestellen, dass, och wann verschidde Garantien fir eng konform Organisatioun vun der Expo zu Dubai existéieren, d’Verhältnisser an den Emirate net déi nämmlecht sinn wéi op der Expo Milan 2015, un der Lëtzebuerg net deelgeholl huet. Aus der Äntwert vun der Regierung geet kloer ervir, dass an éischter Linn d’wirtschaftlech Intressien d’Deelhuelen un der Weltexpo zu Dubai legitiméieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung confirméieren, dass d’Motivatioun fir d’Deelhuelen un der Expo Dubai 2020 an éischter Linn wirtschaftlecher Natur ass? Falls nee, firwat huet Lëtzebuerg net och un der Weltausstellung 2015 zu Mailand deelgeholl?
  2. D’Retombéeën vum lëtzebuergesche Pavillon sinn net am Viraus ze chiffréiere. Dat schreiwen d’Ministeren an der vireger Äntwert. Falls dem esou, ass, firwat gëtt fir eng Entscheedung, déi de Steierzueler 32 Milliounen Euro kascht, ee Risiko geholl, ouni den ekonomeschen oder kulturellen Return on Investment am Viraus ze kennen? 
  3. D’Regierung behaapt an hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°647
    „[…] d’VAE engagéieren sech an der Golfregioun fir eng Progressioun an de Fraerechter a fir eng méi oppen an tolérant Gesellschaft […].
    Ugesiichts vum Rapport vum Human Rigths Watch,ass d’Regierung wierklech der Meenung, dass d’VAE am Beräich vun de Mënscherechter als fortschrëttlech bezeechent kënne ginn an dass d’Golfregioun am dem Kontext als Referenz fir de Respekt vun de Mënscherechter ka geholl ginn?“
  4. Ass d’Regierung der Meenung, dass am Kader vun der lëtzebuergescher Wirtschaftspolitik an den internationale Bezéiungen mat anere Länner Mënscherechtsverletzungen einfach esou toleréiert solle ginn?
  5. Wäert Lëtzebuerg wärend der Ausstellung fräi a kritesch kënschtleresch Beiträg am Pavillon zouloossen? Wäert d’Regierung – trotz hirem Nation Branding – och d’Mëssstänn an de VAE oppen a kritesch kommunizéieren?
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert