Connect with us

Questions parlementaires

Nohaltëgkeet vu Produkter – Eng Nofro

A menger parlamentarescher Fro n° 411 vum 25 Februar 2019 wollt ech vun den Dammen an Häre Minister wëssen wat hir Aschätzung betreffend Reparature vu Produiten ass. Ech hunn ënnert Anerem drop higewisen, datt am noen Ausland (Bulgarien, Schweden, etc.) konkret Mesuren ergraff goufen, déi d‘Reparéieren aktiv promouvéieren. Sief dëst duerch eng Baisse vun der TVA op den Aarbechten, duerch eng Verlängerung vun de legale Garantien beim Kaf vun engem Objet oder duerch d‘Legiferéieren géint d‘geplangten Obsoleszenz. 
Als Äntwert op meng Fro vum 22. Mäerz 2019, zitéiert den Finanzminister Pierre Gramegna een Paragraf aus dem Koalitiounsaccord, ouni weider Explikatiounen ze ginn. 
Effektiv gesäit de Koalitiounsaccord eng ganz Rei Mesuren en Faveur vun enger Reparatiounskultur an der Economie circulaire vir. Meng Fro vum 25. Februar sollt awer méi wäit gräifen, an ech wollt konkret vun der Regierung wëssen wéini di entspriechend Mesuren genee emgesat ginn. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Dir Dammen an Häre Minister, wéini ginn déi Mesuren, déi Dir am Koalitiounsaccord ugekënnegt hutt ëmgesat?
  2. Wéi stinn di Dammen an Häre Minister zu folgenden Mesuren: 
    1. Legiferéieren géint d‘geplangten Obsoleszenz?
    2. Verlängerung vun der legaler Garantie op Produiten?
    3. Enger Baisse vun der TVA op Reparatiounen?
    4. D‘Promouvéieren vu Reparatiounen duerch steierlech Erliichterungen?
  3. Ass d‘Regierung sech der „First Mover Positioun“ vun aneren europäesche Länner op dësem Gebitt bewosst? Wa jo, firwat leeft Lëtzebuerg an dëser Fro dem noen Ausland weiderhin hannendrun, wëssend datt mir um Gebitt vun der Nohaltegkeet séier mussen agéieren?
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert