Questions parlementaires
Verschleierung vum Gesiicht am Auto
Rezent hunn ech observéiert, wéi eng Fra mat engem komplette Schleier an engem Auto a menger Gemeng gefuer ass. Beim Autofuere stellt sech d’Fro, a wéi engem Mooss eng Persoun hiert Gesiicht verdecken däerf. Eng Verdeckung, bei där beispillsweis just nach d’Ae siichtbar sinn, kann d’Identifizéierung vum Chauffeur bei Police- a Radarkontrollen erschwéieren. Och muss garantéiert sinn, dass d’Gesiichtsfeld vum Chauffeur net ageschränkt gëtt. D’Reliounsfräiheet ass e wichtegt Grondrecht, dat an eiser Gesellschaft respektéiert muss ginn. Et muss een awer proportional bleiwen: d’Sécherheet am Stroosseverkéier an de Fakt, dass d’Gesiicht muss erkennbar bleiwen si Grondprinzippien an eiser Gesellschaft. D’Verschleierung am ëffentleche Raum dierft also onofhängeg vu reliéisen oder anere perséinlechen Iwwerzeegungen net erlaabt sinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi eng gesetzlech Reegele gëllen zu Lëtzebuerg fir d’Verdeckë vum Gesiicht beim Autofueren? Ass et engem/r Chauffeur:in erlaabt, säin/hiert Gesiicht esou ze verdecken, dass just nach d’Ae siichtbar sinn?
Wéi gëtt bei (automatesche) Radarkontrollen, notamment wann ee Chauffeur geblëtzt gëtt, séchergestallt, dass d’Persoun um Steier identifizéiert ka ginn, wann hiert Gesiicht gréisstendeels verdeckt ass?
Wéi eng Strofen existéieren, wann eng Persoun verschleiert oder mat enger Mask (eventuell elo fir Halloween) mam Auto fiehrt?
QP Nummer 5059
