Questions parlementaires
Reduzéierung vum US-Militär an Europa
Iwwerdeems gëtt beriicht, datt d’USA keng Tomahawk-Rakéiten an och keng „Deep Precision Strike“-Waffesystemer (DPS) an Däitschland stationéiere wäerten. Déi aktuell europäesch Systemer, wéi Taurus, hunn nëmmen eng limitéiert Reechwäit a sinn nëmme begrenzt disponibel. Op europäeschem Niveau gëtt d’strategesch Autonomie am Beräich vun der Verdeedegung ëmmer méi wichteg a konkret. Den ELSA-Programm soll an Zukunft hei fir méi Onofhängegkeet suergen, mee déi éischt Kapassitéite sinn eréischt Mëtt vun den 2030er Joren z’erwaarden. . Och wa Lëtzebuerg net iwwer eege Laangstreckewaffesystemer verfüügt, spillt eist Land eng wichteg Roll am Beräich vun der militärescher Kommunikatiouns- a Satellitteninfrastruktur, déi fir DPS-Systemer ee wichtege Bausteen ass. Lëtzebuerg ka sécherlech Satelittenkapassitéiten bereet stellen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi bewäert d’Regierung déi ugekënnegt Reduzéierung vun den amerikanesche Militärkapassitéiten an Europa a fir wéi eng Moossnahmen wäert si op europäeschem Niveau ënnerstëtzen?
Wéi eng Roll gesäit d’Regierung fir Lëtzebuerg bei der Verdeedegung vun der NATO souwéi Europa?
A wéi enger Form wäerten d’Lëtzebuerger Satellitteninfrastrukturen fir den ELSA-Programm agesat ginn?
QP Nummer 4067
