Connect with us

Questions parlementaires

Impakt vu Jetongen op de REVIS

Fir Persoune virun der Aarmut ze schützen, existéiert zu Lëtzebuerg ee Sozialsystem mam REVIS. Fir de REVIS kënnen ze kréien, muss eng Persoun verschidde Bedingungen erfëllen. Eng Persoun kann een de REVIS och reduzéiert oder gestrach kréien, wann si aner Revenue kritt. Fir Leit, déi zum Beispill Präsenzjetongen aus engem Gemengerot oder anere Mandater kréien, stellt sech  d’Fro, wéi dës Zousazakommes bei der Berechnung vum REVIS berécksiichtegt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Zielen d’Präsenzjetongen aus de Gemengerotssitzungen oder anere politesche Mandater als Revenu am Sënn vum REVIS-Gesetz a ginn dës fir d’Berechnung vum REVIS a Betruecht gezunn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4068

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert