Connect with us

Questions parlementaires

Affiliatioun bei der CNS – Nofro

An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3894 huet d’Ministesch uginn, datt 2025 insgesamt 58.821 Persounen als Coassuré bei der CNS verséchert waren, déi nach ni enger Aarbecht oder selbststänneger Aktivitéit nogaange sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch eng detailléiert Opdeelung vun dësen 58.821 Coassuréen no de verschiddene Kategorien (Studenten, Persoune mat enger Hannerbliwwenenpensioun, Persounen ënnert temporärer Protektioun, etc.)?

  2. Kann d’Madamm Ministesch uginn, wéi vill vun dëse Persounen d’lëtzebuergesch Nationalitéit hunn, Bierger vun engem EU-Memberstaat sinn, oder aus engem Drëttstaat kommen?

  3. Huet d’Regierung Zuelen dozou, wéi laang dës Persounen am Duerchschnëtt als Coassuré verséchert sinn, ouni jeemools enger Aarbecht oder selbststänneger Aktivitéit nogaangen ze sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4070

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert