Connect with us

Questions parlementaires

Belsch Vignette a Konsequenzen zu Maartel

Eis belschen Noper wäert ab dem 1te Mee 2027 eng Stroossevignette fir Autoen op Autobunnen a Regionalstroossen anzeféieren. Eng Ausnam fir d’Grenzregioun tëschent Lëtzebuerg an der Belsch ass aktuell net virgesinn. D’Vignette kéint besonnesch op deene Plazen zu Problemer féieren, wou d’Grenz laanscht eng Strooss verleeft oder wou lëtzebuergesch Wunnhaiser a Betriber nëmmen iwwer eng belsch Strooss mam Auto erreecht kënne ginn.  Dat ass ënnert anerem zu Maartel de Fall, wou verschidde Geschäfter an Tankstellen op lëtzebuergeschem Territoire leien, d’Zoufaart awer iwwer déi belsch Nationalstrooss N4 verleeft. D’Grenzkonventioun vu Maastricht vum 7ten August 1843 reegelt d’Benotzung vu Grenzstroossen tëschent Lëtzebuerg an der Belsch an enthält och verschidde Bestëmmungen fir Maartel. Den Artikel 27 vum Traité kéint am Kader vun der Vignette interessant sinn, well verschidde Lëtzebuerger Awunner iwwert d’Belsch musse fueren, fir op hir Terrainen ze kommen. D’Grenzkonventioun garatnéiert dësen Awunner ee fräie Passage iwwer déi belsch Strooss.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi wäert déi belsch d’Vignette bei Stroossen applizéiert ginn, déi laanscht d’Grenz tëschent Lëtzebuerg an der Belsch verlafen oder Plazen, déi nëmmen iwwer belsch Stroossen erreecht kënne ginn?  Muss eng Persoun, déi zum Beispill zu Maartel iwwer d’N4 op hir Aarbechtsplaz oder bei e Geschäft op lëtzebuergeschem Territoire fiert, dofir eng belsch Vignette kafen?

  2. Ass d’Regierung der Meenung, datt d’Aféierung vun enger belscher Stroossevignette op dëse Plazen mat der Grenzkonventioun vu Maastricht vum 7ten August 1843 vereenbar ass?

  3. Huet d’Regierung dës speziell Situatioune bei de belschen Autoritéiten ugeschwat a wäert si sech fir eng kloer Reegelung oder Ausname fir déi betraffe Stroossen asetzen, och wat déi mobil Kontrolle vun de belschen Autoritéiten ugeet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5051

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert