Connect with us

News

RTL.lu „Mir hätte gär an der Demokratie, dass de Bierger vill méi agebonne gëtt“

Den Deputéierten a Péitenger Gemengeconseiller Marc Goergen vun de Piraten war am Kader vun de Gemengewalen 2023 Invité am „5 Froen un“.

Knapp 220 Kandidatinnen a Kandidaten trieden den 11. Juni fir d’Piraten bei de Gemengewalen un. Den Erfolleg vun der Partei wier elo doduerch komm, dass vill Leit wéilte méi matentscheeden, esou de Marc Goergen. Bei de Gemengewale kéint een direkt eppes bei sech Doheem bewierken.

„D’Gemeng ass no beim Bierger“

Biergerrot, kommunal Petitiounen, oder iwwert Ënnerschrëftesammlung Punkten op den Ordre du Jour vum Gemengerot setzen, dat wieren e puer Iddien, déi d’Piraten an de Gemenge wéilten ëmsetzen, esou de Invité am „5 Froen un“.

„Mir hätte gär an der Demokratie, dass de Bierger vill méi agebonne gëtt, an net vun uewen erof, mee vun ënnen erop.“

10 Euro de Metercarré

Fir der Logementskris entgéintzewierken, bleift ee bei der Fuerderung vun den 10 Euro de Metercarré. Wat d’Prioritéite fir Péiteng uginn, sot de Gemengeconseiller, et wéilt een d’Problematik vum Verkéier ugoen. D’Collectrice misst dofir endlech eng Unterfürung kréien. Donieft géif ee sech e Policebüro wënschen, dee 24 Stonnen op 24 besat wier.

Zu Péiteng wéilt een als Piraten déi zweetstäerkst Kraaft ginn an och Verantwortung iwwerhuelen.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert