Connect with us

Questions parlementaires

Post recommandé électronique – Nofro

An der Äntwert op d’Fro n°635 schreift de Wirtschaftsminister, dass 1) de Recommandé électronique bei der POST Lëtzebuerg äquivalent mat engem Recommandésbréif a Pabeierform ass;  2) dass d’Regierung wäert un enger Promotioun vun dësem Service bei de Verwaltunge schaffen. Domadder gouf leider net op d’Fro geäntwert, ob d’Bierger:innen dëse Service dann haut effektiv kënnen notzen. Eis ass ee Fall bekannt vun enger Verwaltung, déi den elektronesche Recommandé ignoréiert huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wann de Recommandé électronique haut schonns equivalent ass, firwat ignoréiere verschidde Verwaltunge beim Staat dësen?

  2. Kann de Recommandé électronique, Stand elo, vun de Bierger:innen genotzt ginn, fir Korrespondenzen u staatlech Verwaltungen ze schécken a mussen all d’Verwaltungen dësen och unhuelen, wéi ee Recommandésbréif a Papeierform? Falls nee, ob wéi enger Base légale begrënnt sech, dass Verwaltungen dat net maachen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 778

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert