Alexa, Siri, Google: ween lauschtert mat?

An zwou parlamentareschen Ufroen froen de Marc Goergen an de Sven Clement d’Regierung, ob a wéi Sproochassistenten zu Lëtzebuerg hir Notzer oflauschteren. D’Fro vum Sven ass un de Justizminister an de Minister fir Bannenzeg Sécherheet geriet, d’Fro vum Marc bezitt sech op de Volet Konsumenteschutz. Hei ass d’Fro vum Marc Goergen :

Eng Réi parlamentaresch Ufroen an Däitschland hunn opgeworf, dass déi däitsch Bundesregierung sech iwwert de Bundesnachrichtendienst een Accès op Sproochassistenten a Privatstéit verschafe kann, ob Alexa, Siri  oder Google. Verschidde Sproochassistenten zeechnen net nëmmen d’Befeeler op, déi de Besëtzer him gëtt, mee lauschteren permanent ouni Zoustëmmung d’Ëmgéigend of. Falls dës Methodik wouer ass, handelt et sech ëm een déiwen Agrëff an déi europäesch a lëtzebuergesch Grondrechter souwéi eng Verletzung vum Konsumenten- an Dateschutz. 

Dowéinst, dass d’Regierung sech opgrond vum SREL-Gesetz net ëffentlech zu Froen betreffend dem Fonctionnement vum SREL äussere kann, beschränken ech meng Froen op d’Eegenschafte vu Sproochassistenten, déi éischter an d’Kategorie vum Konsumenten- an Dateschutz falen, och wann eng Ausnotzung vu staatlechen Instanzen, wéi dem SREL, natierlech besuergneserreegend ass.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Besëtzt d’Madamm Konsumenteschutzministesch Kenntnis dovunner, dass Sproochassistenten, déi zu Lëtzebuerg ugebuede ginn, permanent Daten iwwert hiert Ëmfeld asammelen, och wann de Benotzer guer net domadder informéiert ass? Kann d’Ministesch d’Existenz vun der Praxis confirméieren? Wäert si heizou zu Lëtzebuerg investigéieren? 
  2. Ass d’Madamm Ministesch fir Konsumenteschutz der Meenung, dass een als Verbraucher ee Recht dorobber huet iwwert all d’Informatioun an Eegenschaft vun engem Produkt am Virfeld Bescheed ze wëssen? 
    • Ass dëst beim Gebrauch vu Sproochassistenten, wéi bei Alexa, de Fall?
  3. Deckt eng Zoustëmmung vun den AGB of, dass de Sproochassistent och ausserhalb vun der Notzung d’Ëmgéigend ouni Begrenzung oflauschtere kann? Ass des Praxis konform mam Dateschutzgesetz vun 2018 an dem EU-Dateschutzreglement vun 2016? 
  4. Ass d’Regierung der Meenung, dass Produkter, déi zu Lëtzebuerg verdriwwe ginn, dat lëtzebuergescht Dateschutzgesetz vun 2018 befollege mussen? 
  5. Bei digitalen Inhalter existéieren aktuell eng Unzuel u Variabelen bei deenen d’Gesetzer iwwert de Konsumenteschutz oder den Dateschutz un hir Grenze stoussen, dorënner zum Beispill Serveren, déi ausserhalb vun der EU stinn a bei deenen den Dateschutz net gräift oder de Fakt, dass vill digital Produkter vu Firmen ausserhalb der EU stamen an esou d’Konsumenteschutzreegelen heiansdo ausgehiewelt ginn.Ass d’Regierung der Meenung, dass mir zu Lëtzebuerg souwéi an der EU mat Bezuch op digital Produkter
    1. aktuell eng ausreechend Rechtslag am Dateschutz souwéi am Konsumenteschutz besëtzen? Falls jo, wéiass de genannte Fall vun de Sproochassistenten ze erklären?
    2. aktuell déi néideg Kapassitéite besëtze fir d’Rechter vum Dateschutz a vum Konsumenteschutz hei duerchzesetzen?

Mat déiwem Respekt,
Marc GOERGEN
Député