Connect with us

Questions parlementaires

Wat kënnen d’Leit doheem maache fir e Réckstau bei Héichwaasser ze verhënneren

 De leschte Weekend koum et op verschiddene Plazen am Land zou Héichwaasser. Am Süde vum Land sinn deelweis d’Kellere vollgelaf, well d’Waasser aus dem Kanal an d’Haiser koum. De Waasserspigel am Kanal ka bei extremem Ree bis zu der sougenannter Réckstauebene klammen. Dann fëllen sech d’Leitungen am Haus mat de Waassermassen. All Oflaafstell, déi méi déif läit wéi d’Réckstauebene, riskéiert iwwerschwemmt ze ginn, well d’Waassermassen, déi am Kanal keng Platz méi hunn, mat engem staarken Drock en „Auswee“ sichen an duerch all Ëffnungen am Haus ouni Réckstausécherung austriede kënnen. D’Éisträichesch Regierung gëtt eng Réi Rotschléi un hir Bieger:innen, wat si solle maachen, fir esou Iwwerschwemmungen ze verhënneren. https://www.wien.gv.at/umwelt/kanal/pdf/infoblatt-ueberflutung.pdf 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann een zu Lëtzebuerg Réckstauklappen bei sech doheem abauen? Wa jo, brauch een hei eng Geneemegung a wéi eng wier dat?

  2. Sinn esou Réckstauklappen eppes wat de Staat de Bierger:innen uréit?

  3. Kann een zu Lëtzebuerg bei sech doheem ee Kanal ausbauen oder bauen? Wat fir eng Geneemegunge sinn hei néideg?

  4. Bei den Toiletten ënner der Réckstauebene réit zum Beispill déi Éisträichesch Regierung hire Bierger:innen, fir „Fekalienpumpen“ anzebauen, wëll hei d’Réckstauklappen net de gëeegenten Outil wieren. Dierfen d’Bierger:innen hei am Land dës abauen? Och hei erëm d’Fro, ob een eng Geneemegung brauch a wéi eng dat an deem Fall wier?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 967

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert