Connect with us

Police & Arméi

IT-Entwécklung bei der Police

Den informatesche System bei der Police ass bekanntlech net méi ee vun de modernsten. Den aktuelle Policeminister hat den 19te Februar 2021 nach eng Kéier ënnerstrach, dass de Fonctionnement vun der Police moderniséiert muss ginn an huet dozou och véier Pilieren uginn, op deenen dës Modernisatioun opbaue soll. 

Effektiv ass am Communiqué ze liesen:
„Les quatre projets principaux retenus sont la mise en place d’une équipe PMO (project management office) centralisée dont la mission est la promotion du fonctionnement en mode projet pour toute la police; le système SPExpert, qui prévoit l’introduction d’un programme informatique pour l’établissement des plans de service pour les unités à roulements; le portail central qui prévoit une seule entrée centralisée dans un environnement de travail transversal où se rencontrent la communication interne, la collaboration et le besoin métier et finalement les outils mobiles dont le but est d’équiper les policiers et enquêteurs avec des appareils portables (Digital eXperience Platform).“

Ee performanten IT-System misst an der Lag sinn, fir Prozeduren an engem zesummenhänkende Prozess sécher ze verschaffen, weiderzeleeden an zentral ze späicheren. Déi verschidde mobil Aarbechtsgeräter, mat deenen d’Polizisten musse schaffen, missten an esou engem System interoperabel sinn, fir déi digital Entwécklung vun der ëffentlecher Sécherheet konstant kënne weider z’entwéckelen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Euro goufen zënter 2018, opgeschlësselt no Joer an no Firma, am Zesummenhang mat der Digitaliséierung vun der Police fir extern Etüden a Consulting-Servicer ausginn?

  2. Wéi vill Unitéite kënnen, Stand haut, zu all Moment op eng Tablett oder een anert mobilt Geréit zeréckgräifen, fir déi noutwendeg Prozeduren a Schrëftstécker ausserhalb vum Büro fäerdeg ze maachen (zum Beispill d’Opstelle vun engem Procès-Verbal)?

  3. Wéi vill Unitéite kënnen, Stand haut, iwwert ee Mobilgerät op d’Informatioune vun den Datebanken zougräifen, op déi d’Police am Kader vun hirer Missioun Zougang huet an dëst ausserhalb vun engem Büro an ouni de Funk ze benotzen?

  4. Wéi sinn di mobil Geréiter an der Police verdeelt, opgeschlësselt no Unitéit an Effectif vun der Unitéit?

  5. Wat ass de Stand an den Timing vun de Projet’en, déi et de Polizisten erméigleche sollen, fir méi effizient ze schaffen, notamment d’Projet’en POLIS, Portail central, Outils mobiles a GED (Gestion électronique des documents)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5868

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert