Connect with us

Kultur

Wëllkomm zu Lëtzebuerg

Op den Autobunne wäerte Schëlder opgestallt ginn, wou d’Autofuerer mat Lëtzebuergesche Sätz wéi „Wëllkomm zu Lëtzebuerg“ an „Äddi a bis Geschwënn“ ugeschwat solle ginn. D’Tageblatt kommentéiert an engem Artikel vum 11ten Dezember d’Campagne esou: „Mit den neuen Schildern wähnt sich der Luxemburg-Reisende jetzt in einem Krankenhausflur, der gerade wegen Renovierungsarbeiten geschlossen ist. Ein Trost bleibt: Man ist schnell wieder draußen. Äddi a Merci fir de Besuch.“

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gouf dës Campagne selwer intern an engem Ministère erstallt?

  2. Falls nee: 1. Gouf d’Kampagne ëffentlech ausgeschriwwen?  2. Ënnert wéi enger Referenznummer(en) gouf dëse Projet ausgeschriwwen? 3. Wéi vill Firmen hunn sech gemellt a wien krut den Optrag?

  3. Wat ass de Gesamtkäschtepunkt vun der Campagne gewiescht? Wéi vill hunn d’Konzeptioun an den Design vun dëser Campagne kascht?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3358

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert