Connect with us

Questions parlementaires

Äntwert op eis Fro: DP net ganz integer

An der Äntwert op d’Ried zur Aussepolitik vum Här Ausseminister de 14te Mäerz an der Chamber, huet en Deputéierte vun der DP deklaréiert, eng méiglech EU-Erweiderung war an der aktueller Situatioun als net opportun ze wäerten. Fir hien ze zitéieren “Ech soe ganz kloer am Numm vu menger Partei, dat et net als opportun ugesi fir elo Demarchen ze maachen d’europäesch Unioun nach ze erweideren. Dat gëllt souwuel fir d’Tierkei wéi och fir d’Balkanstaaten.” Dës Ausso ass net identesch mam Koalitiounsaccord, wou geschriwwe steet “La politique d’intégration européenne de tout Etat européen qui respecte les valeurs fondamentales de l’Union sera soutenue.” (Säit 214).

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

• Am Hannergrond vun der Diskrepanz tëschent den Aussoe vun der DP-Fraktioun an deenen am Koalitiounsvertrag, wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung an der weiderer europäescher Integratioun vun den aktuellen EU-Bäitrëttskandidaten?

D’Regierungspositioun zu der Érweiderungspolitik vun der Europäescher Unioun ass am Koalitiounsaccord 2018-2023 festgehalen. D’europäesch Integratiounspolitik vun all europäeschem Staat, deen d’Grondwäerter vun der Unioun deelt, gëtt ënnerstëtzt. De Schwéierpunkt vun dëser Baitrëttspolitik muss op dem Respekt vun de Kopenhagener Kritären an op enger Beuerteelung vun ail Land opgrond vum Prinzip vun der eegener Leeschtung leien, woubai d’integratiounsfahegkeet vun der Europäescher Unioun berécksiichtegt muss ginn. Besonnesch Opmierksamkeet gëtt gebraucht wann et em de Respekt vum Rechtsstaat, em d’Grondfraiheeten a Grondrechter, souwéi em déi gutt Relatioune mat den Nopere geet.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert