Connect with us

Questions parlementaires

Beschëlderung vum Luuchte-Radar fir d’Foussgänger

An hirem Avis zum leschte Radar-Gesetzesprojet (n°7652) stellt d’Dateschutzkommissioun fest, dass och d’Foussgänger iwwert de Luuchte-Radar mussen informéiert ginn, well och si op de Fotoe vum Radar kéinten ze gesi sinn. Laut dem Gesetz vum 1.08.2018 muss nämlech all Persoun, där hier Date festgehale ginn, doriwwer a Kenntnis dovunner gesat ginn.  “Etant donné que l’installation de radars automatiques aux feux rouges concerne un public beaucoup plus large dépassant simplement les conducteurs et les passagers se trouvant à bord de véhicules, la CNPD entend attirer l’attention des auteurs du projet de loi sur l’obligation d’information de l’ensemble des personnes concernées de l’existence de ces radars et du traitement de données concernant (p.ex. panneaux informant les conducteurs et passagers de véhicules ainsi que piétons aux endroits des radars installés aux feux rouges).”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass virgesinn op der Stäreplaz (an och op allen aneren zukünftege Plazen, wou Luuchte-Radaren installéiert ginn) een oder e puer Schëlder opzeriichten, fir d’Foussgänger iwwert d’Präsenz vum Radar an d’eventuell Späicherung vun hiren Daten ze informéieren? • Falls jo, ginn op dësem Schëld all d’Informatioune festgehalen, déi laut Artikel 12§1 vum Gesetz vun 2018 mussen zougänglech sinn, dorënner d’Kontaktinformatioune vum Responsable du traitement a vum DPO? • Falls nee, wéi eng Grënn gëtt et laut der Police grad-ducale, fir dësen Artikel net ze applizéieren, baséierend op de Méiglechkeeten déi am §3 vum Artikel 12 genannt ginn?

  2. Wëssend, dass de Radar scho säit dem Ufank vun der Testphas am Oktober Fotoe vu Foussgänger kéint gemaach hunn, ass op der Stäreplaz schonn eng deementspriechend Beschëlderung opgestallt ginn?  • Wann jo, wéi vill Schëlder goufen opgestallt a wat fir Informatioune sinn op hinne festgehalen? • Wann nee, firwat net? • Falls eng Beschëlderung an Zukunft virgesinn ass, wéi gesäit dës dann aus a wéini soll se opgestallt ginn? • Falls keng Beschëlderung virgesinn ass, wéi begrënnt de Minister dës Entscheedung?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3652

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert