Connect with us

Questions parlementaires

Dierwiechter – ëffentlech Blousstelle vu Persounen

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministesch fir Justiz weiderzeleeden.

Mir gouf zougedroen, datt verschidden Dierwiechter (Huissiers de Justice) et sech zur gängeger Praxis gemaach hunn, am Kader vun der Exekutioun vu Justizentscheedungen, verschiddene Persounen als lescht Warnung ee Pechbild op d’Dieren ze pechen.

 

Konkret leit mir eng Foto vun esou engem Sticker mam Logo vun den Huissiere vir, op deem an Handschrëft drop geschriwwe steet:  „Dernier Avertissement avant ouverture forcée“, suivéiert vun der Telefonsnummer vum Huissier an der Dossiersnummer vum Client.

Et ass besuergneserreegend, wann Dierwiechter, déi Decisiounen am Numm vun der Justiz ausféieren, den Dateschutz vu Persoune manifestement ënnergruewen, well, an de Parties communes oder op den Entréesdiere vu Residencen, d’Allgemengheet vun Dossiere vun den Huissiers gewuer gëtt.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Ass der Justizministesch an der Procureure d’Etat déi uewe genannte Praxis vu Dierwiechter bekannt? Wéi eng Meenung vertrëtt d’Justizministesch géigeniwwer dëser Praxis, virun allem aus Siicht vum Dateschutz?
  2. Firwat ginn an dësem Kontext, sensibel Informatiounen vun de betraffene Persounen net einfach an diskret an d’Bréifkëscht geheit?
  3. Kann ausgeschloss ginn, dass eng Persoun, déi d’Dossiersnummer an den Numm vun der betraffener Persoun kennt, per Telefon Accès op d’Informatiounen vum Dossier kréie kéint?
  4. Nom Gesetz vum 4ten Dezember 1990 iwwert d’Organisatioun vun den Dierwiechter waacht de Procureur d’Etat iwwert d’Uerdnung bei den Huissieren. Wéi vill Kontrolle goufen an deene leschte 5 Jore gemaach a wéi eng Infraktioune goufen heibäi festgestallt?

Fro n°3177

Verlaaf an der Chamber

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert