Connect with us

Questions parlementaires

Ëffentlech Ausschreiwungen bei staatlech subventionnéierte Bauprojeten

D’Gesetz vum 7ten August 2023 iwwert den erschwéngleche Wunnraum erlaabt et, dass Associatiounen ouni Gewënnofsicht (Promoteurs sociaux) fir verschiddene Baukäschte bis zu 75% vu staatleche Bäihëllefen kënne profitéieren. Deemno ass et esou, dass ee Groussdeel vun de Kapitalkäschten vun erschwéngleche Bauprojeten mat staatleche Mëttele finanzéiert ginn.  Am Gesetz zu den ëffentlechen Ausschreiwungen ass gereegelt, dass Projeten vum Staat, Gemengen oder sonstëgen „Pouvoirs adjudicateurs“ ab engem gewëssene Wäert mussen iwwert eng ëffentlech Ausschreiwung u Firme vergi ginn.  Wann eng Associatioun ouni Gewënnofsicht bis zu 75% vum Projet iwwer ëffentlech Bäihëllefe finanzéiert kritt, da stellt sech d’Fro, ob si an dësem Fall net och zu engem „Pouvoir adjudicateur“ gëtt an deemno ënnert d’Reegele vum Marché Public fält. Dëst ëmsou méi, wann dës Associatioun als Promoteur Social rekurrent Bäihëllefe fir Bauprojete kritt. Am Gesetz zu den ëffentlechen Ausschreiwungen gëtt de „Pouvoir adjudicateur“ follgendermoossen definéiert: “«Art.2 […] iii. soit il est financé majoritairement par l’État, les communes ou par d’autres organismes de droit public, soit sa gestion est soumise à un contrôle de ces autorités ou organismes, soit son organe d’administration, de direction ou de surveillance est composé de membres dont plus de la moitié sont désignés par l’État, les communes ou d’autres organismes de droit public. »” Wann all déi eenzel Bauprojete vun de soziale Promoteuren eenzel mussen ausgeschriwwe ginn, dréckt dat d’Prozedure fir ze Bauen nach eng Kéier an d’Luucht. Dës Regierung, ënnert der Fiederféierung vu Premierminister, huet am Koalitiounsaccord souwéi op de leschten zwou Pressekonferenzen zum Logement awer annoncéiert, fir d’Bauprozedure wëllen ze beschleunegen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gëtt de Krittär „financé majoritairement par l’Etat“ am Fall vun de 75% Bäihëllefe fir Promoteurs Sociaux gemooss an applizéiert? Ab wéini ënnerläit ee Promoteur Social als Bauhär dem Gesetz zu de Marchés publics a gëllt als Pouvoir Adjudicateur?

  2. Falen d’Associatiounen, déi erschwénglech Wunnprojeten realiséieren an ëffentlech Gelder dofir erhalen, prinzipiell ënnert d’Gesetz vun de Marchés publics a mussen hir Projeten ëffentlech ausschreiwen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 399

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert