Connect with us

Questions parlementaires

FRO.LU: Héichwaasserschutz bei der Musel

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

De Ministère fir ëffentlech Aarbechten huet géigeniwwer dem Wort confirméiert, dass d’Aarbechten un engem Héichwaasserschutz System zu Réimesch am September 2021 sollen ufänken. Réimesch ass awer net déi eenzeg Stad déi ëmmer erëm mat Héichwaasser ze kämpfen huet. Zu Stadbriedemes stoung de Waasserpeegel am Februar op iwwert 6 Meter. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Beim Projet Réimech soll mat der Esplanade op der Héischt vum Wueswee ugefaange ginn. Firwat ass entscheet ginn do unzefänken?

  2. Ass d’Ausschaffe vum Plang fir de Projet Héichwaasserschutz/Esplanade/Route du Vin zu Réimech ausgeschriwwe ginn? Falls jo, wéi vill Intresséierter hunn sech op d’Ausschreiwung gemellt?

  3. An Rapport vun 2015 iwwert den „Hochwasserrisikomanagment für Luxemburg“ ginn 13 Musel Gemengen/Dierfer opgezielt déi vun engem Héichwaasserrisiko betraff sinn, drënner Gemengen ewéi Gréiwemaacher, Stadbriedemes a Mäertert. De Besoin fir Moossnamen ass do: “Im Dialog mit den Gemeinden und Städten wurde jedoch an vielen Stellen noch Bedarf an lokalen neuen Rückhalteeinrichtungen, auch für Starkregenereignisse ermittelt.” Sinn nach aner Héichwaasserschutz Systemer ewéi deen zu Réimesch bei der Musel geplangt? Wan jo, wéi eng Gemenge si vun esou Projete betraff a wéini sollen dës Projeten an Ugrëff geholl ginn?

  4. An dem Rapport liest een och, dass  “Defizite bestehen insbesondere in alten und lange bestehenden Kerngebieten, in denen Hochwasser nur selten auftritt. Überall dort wo häufiger Hochwasser auftreten, kennen die Menschen das Risiko und haben gelernt sich und ihr Eigentum zu schützen. Gleiches gilt auf kommunaler Ebene für öffentliche Einrichtungen. In Gebieten, in denen Hochwasser seltener auftreten geht nach einigen Jahren das Bewusstsein für die Hochwassergefahr verloren. Deshalb muss mit großem Aufwand das Risikobewusstsein in der hochwasserfreien Zeit und das Wissen um die Notwendigkeit des Objektschutzes aufrechterhalten werden. […]  Kommt dann ein Hochwasser, werden die Betroffenen überrascht und es kommt zu hohen Schäden. Insbesondere in Risikogebieten, die nur selten von Hochwasser betroffen sind, muss deshalb mit großem Aufwand das Risikobewusstsein in der hochwasserfreien Zeit und das Wissen um die Bauvorsorge aufrecht- erhalten werden.” Wat fir Moossnamen sinn a Plaz gesat, fir ze verhënneren, dass a Risikogebidder déi seele vun Héichwaasser betraff sinn, et zu all Moment zu héije Waasserschied ka kommen? Ginn d’Mënschen déi an dëse Risiko Gebidder wunnen, duerch gezielt Mesuren un d’Gefore vum Héichwaasser erënnert?

Fro n°3679

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert