Connect with us

Questions parlementaires

Juegdsyndikater – Eng Nofro

A menger parlamentarescher Fro n°2703 hat ech mech iwwert d’Juegdsyndikater informéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op d’Fro 1.7 iwwert d’Remuneratioun vum Secrétaire-Trésorier zitéiert d’Ministesch den Artikel 28 Alinea 2 vum Juegdgesetz, dat beseet, dass d’Remuneratioun vum Deel « droit spécial » bezuelt gëtt an net däerf méi héich wéi 8% vum Pachtpräis däerf sinn.  • Wat geschitt an deene Fäll, an deenen d’Remuneratioun vum Sekretär méi wéi 8% vum „droit spécial“ bedréit?  • Wëssend, datt d’Konten der d’Naturverwaltung matgedeelt ginn, huet d’Ministesch Kenntnis vun esou Fäll?  • Wéi vill Mol ass et virkomm, dass d’Remuneratioun iwwert den 8% vum „droit spécial“ louch?

  2. Wéi d’Ministesch op meng drëtt Fro äntwert:  ““Vu datt duerch d’Reorganisatioun vun de Lousen déi nei Juegdsyndikater näischt méi mat deenen alen ze dinn hunn, mussen déi Dokumenter net iwwerholl ginn. Eng definitiv Ofrechnung vum ale Juegdsyndikat muss bis den 31/12/2021 un den Direkter vun der Naturverwaltung geschéckt ginn.“” Wärend d’Bilanen an d’Rapporte vu private Societéiten um LBR musse publizéiert ginn an do „veréiwegt bleiwen“, kënnen di al Juegdsyndikater hier Dossiere souzesoen „entsuergen“.  • Wär et net besser, wann d’Dossiere vun de Syndikater och géifen an elektronescher Form archivéiert a publizéiert ginn? 

  3. Net fir all vun den iwwert 600 Syndikater fannen sech ëmmer 3 Membres effectifs an 3 Suppleanten. Virun allem, a Fäll vu Wëldschued ass dat ee Problem, wa kee Beschloss ka geholl ginn, well d’Comitésmemberen Interessekonflikter Opweises hunn.  • Wéi gi Situatioune vu Wëldschued gehandhaabt, am Fall wou verschidde Comitéë wéinst Interessekonflikter net beschlussfäeg sinn?

  4. Verschidde Gemenge pachte selwer Juegdlousen a verginn dës dann u Privatpersounen, déi dann d’Juegten däerfen duerchféieren. Et ass mir zougedroe ginn, dass an enger Gemeng am Süde vum Land, d’Gemeng den Juegdterrain onentgeltlech den Jeeër zur Verfügung stellt.  • Huet d’Ëmweltministesch Kenntnis vun esou Praktiken?  • Falls jo, a wéi enge Gemengen ass dëst de Fall?

  5. Bis Enn Januar 2021 ginn d’Steeën vun den neien 621 Juegdlousen ofgehalen. Opgrond vun de COVID19-Mesuren gëtt den Accès zu verschiddene Steeën just den potenzielle Pächter erlaabt, esou steet et a verschiddenen Adjudicatiouns-Annoncen explizitt geschriwwen. Deemno, ass et fir d‘Propriétaire vun Terrainen a ville Fäll onméiglech, fir d’Steeën ze suivéieren an d’Präisser souwéi d’Pächter an hirem Syndikat gewuer ze ginn. Dës Virgoensweis kontrastéiert mam Caractère public vun enger Stee.  • Huet d’Ministesch Kenntnis vun dëser Problematik?  • Ass et virgesinn, fir an dëser spezieller Situatioun de Pächter an/oder de Pachtpräis pro Lous ze publizéieren?  • Ginn all dës Detailer explizitt an eenzel pro Lous vun de Gemengen opgelëscht, am Aklang mam Artikel 13 vum Règlement grand-ducal du 2 septembre 2011 déterminant la procédure et les modalités de l’adjudication publique ?

  6. Wëssend, dass déi „nei“ Juegdsyndikater fir hir Gestioun de Myguichet kënne benotzen an domadder déi aktuell Kadaster- a Proprietärsdonneeën zu all Zäitpunkt zu hirer Verfügung stinn: • Ass virgesinn, dass ee « neie » Besëtzer vun enger Parzell an engem Lous automatesch kontaktéiert gëtt (z.B. per Bréif oder Mail), fir dem Syndikat seng Donnéeën matzedeelen oder gëtt weiderhin op dem Collège des Syndicats an dem Secrétaire-Trésorier hir Beméiungen vertraut, wuel wëssend, dass net ëmmer deen néidegen Engagement am „Propriétaire-siche-goen“ un den Dag geluecht gëtt? Falls d’Ministesch op d’Initiativ vum Juegdsyndikat setzt, wéi gëtt dësen Engagement an Zukunft kontrolléiert? • Wéi kann een neie Proprietär sech informéieren, wien seng Kontaktpersounen an engem bestëmmte Syndikat sinn? Ass virgesinn, eng aktualiséiert Lëscht vun dësen Donnéeën ze publizéieren, eventuell um Site vun der ANF? Oder kréien d’Notairen des Donnéeën matgedeelt fir se un d’Acquereuren vun Terrainen an engem bestëmmte Lous virunzeginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3040

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert