Connect with us

Questions parlementaires

Moutfort – Route de Remich – Nofro n°2

An de parlamentaresche Froen n°1656 an 1901 hat ech de Minister ëm Detailer iwwert d’Situatioun vun engem Schantjen op der Nationalstrooss N2 zu Moutfort gefrot. D’Äntwert op déi éischt Fro vum Minister hat dozou gefouert, datt vu säitens vun der Buergermeeschtesch vu Contern Kritik opkomm war well een an der Gemeng der Meenung war, datt Ponts et Chaussées fir d’Situatioun op dësem Schantje responsabel wär, well et sech ëm eng Nationalstrooss géif handelen. A senger leschter Äntwert berifft sech de Minister op d’Gesetz vum 21ten Dezember 2009 „relative au régime des permissions de voiries“ a verweist ganz kloer op d’Responsabilitéit vun der Gemeng an dësem Dossier.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An der Fro n°1656 huet de Minister geschriwwen, d’Gemeng kann déi néideg Verkéiersberouegungsmoossnamen am Kader vum Schantjen huelen. D’Gemeng verweist an deem Fall op d’Responsabilitéit vum Staat, well et sech ëm eng Nationalstrooss handelt. Kann de Minister confirméieren, dass d’Aussoe vun der Gemeng net richteg sinn? 

  2. Am Code de la Route steet am Artikel 5:  ““Dans les limites et selon les distinctions faites au présent article les autorités communales peuvent réglementer ou interdire en tout ou en partie, temporairement ou de façon permanente la circulation sur les voies publiques du territoire de la commune pour autant que ces règlements communaux concernent la circulation sur la «voirie communale» ainsi que sur la voirie normale de l’Etat située à l’intérieur des agglomérations. Ces règlements communaux sont soumis à l’approbation du Ministre de l’Intérieur et du «ministre».“” Kann de Minister confirméieren, dass dës Dispositioun och fir d’Ariichte vun enger 30er-Zon op der N2 vun der Gemeng kéint genotzt ginn?

  3. De Minister schreift a senger Äntwert, datt op säin Uerder an „am Interessi vun der Qualitéit vun der Reparatur vun de Stroossen eng Remise en état“ gemaach kéint ginn a verweist domadder op den Artikel 7 vum Gesetz vun 2009. Ugesiichts de miserabele Stroosseverhältnisser zu Moutfort, wäert de Minister dat maachen? Falls nee, firwat net?

  4. Falls Drëttpersounen duerch d’Stroossesituatioun (notamment duerch déi staark Vibratiounen) ee Schued un hiren Haiser erleiden, ginn dës Schied reparéiert? Wien kënnt an deem Fall fir Schied op? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2287

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert