Connect with us

Questions parlementaires

Nohaltegkeet vum Wunnengsbau zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg befënnt sech an enger Penurie un erschwénglechem Wunnraum. Fir dëse Manktem u Wunnenge laangfristeg an de Grëff ze kréien, ass eng vun de Léisungen d’Offer vu Wunnengen an d’Luucht ze setzen. D’Baue vu Wunnunitéite stellt awer gläichzäiteg ee massiven Agrëff an d’Ëmwelt duer: Tonnen u Buedem mussen deplacéiert ginn, Fläche gi versigelt an d’Biodiversitéit op den Terrainen zerstéiert. An den ekologeschen Desaster hält net hei am Land op: de massive Verbrauch u Baumaterialien, wéi zum Beispill dem Bëtong, bréngt gravéierend Konsequenzen op d’Ëmwelt an d’Biodiversitéit an anere Regioune mat sech. Den „ZDF Magazin Royale“ vum 9ten Abrëll 2021 beriicht, dass fir d’Produktioun vu Bëtong op Sand aus dem Mier zeréckgegraff gëtt. D’massiv Extraktioun vu Sand huet als Konsequenz, dass verschidde Küsteregiounen op der ganzer Welt récksiichtslos ausgebaggert ginn, wat fatal Konsequenzen op d’Flora a Fauna zur Folleg huet. Koralleriffer ginn zerstéiert, Mieresliewewiese verléieren hire Liewensraum an d’ekologescht Gläichgewiicht gëtt futti gemaach.  Verschidde Länner schaffen deels mat mafiéisen Organisatiounen zesummen, fir de Sand z’extrahéieren. Ronderëm d’Ressource huet sech eng mächteg a milliardeschwéier Industrie entwéckelt, déi net dovunner zeréckschéckt, Opponenten a Journalisten aus dem Wee ze rauen, wann dës iwwert hier illegal Aktivitéiten ze beriichte versichen. Deelweis gëtt Sand illegal an, wéi uewe beschriwwen, ouni Récksiicht op Ëmwelt ofgebuddelt. Dësen illegal geschöpfte Sand gelaangt dann iwwer Ëmweeër a Bedruchsmaschen op de fräie Maart, wou en dann mat legalem Sand vermëscht gëtt. Den Tracage ass gëtt onméiglech gemaach an et ass der Bauindustrie schlussendlech och oft egal, wou de Rouhstoff hierkënnt. Wann een sech dësem Hannergrond bewosst ass, da stellt sech eng ethesch Responsabilitéit. Eng illegal Offer muss jo schliisslech ëmmer nach eng Demande fannen. Et kënnt deemno och op den Importateur vu Bauressourcen un, deen d’moralesch Flicht huet, sécherzestellen, dass de Produit aus ethescher Hierkonft staamt.  Virun allem am sozialen an nohaltege Wunnengsbau stellt sech dann d’Fro, op een nach vu sozial an nohaltege Baute schwätze kann, wann ee weess, dass fir d’Mauere vum Logement ganz Naturgebidder an anere Länner zerstéiert goufen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Am Koalitiounsaccord vun der Regierung fënnt een zum Thema nohaltegt Bauen d’Iddi  vum Passeport des Matérieaux erëm: “Le processus de la TIR a permis de développer une vision plus holistique des  bâtiments en y intégrant à côté des énergies renouvelables et de l’efficacité énergétique, des aspects supplémentaires tels que la durabilité, l’économie circulaire et la santé. Afin de pouvoir appliquer cette philosophie plus holistique dans le secteur luxembourgeois de la construction, et plus particulièrement y mettre en place les principes de l’économie circulaire, une plateforme nationale de matériaux sera mise en oeuvre qui permettra de répertorier, enregistrer et stocker les informations sur les matières premières, ainsi que l’introduction d’un système de « passeports de matériaux ». (Säit 191) ” Wéi wäit ass d’Regierung mat der Ëmsetzung vun dëser Iddi? Ginn d’Donnéeë vun dësem Pass zentraliséiert zesummegedroe ginn, fir esou Modeliséierung iwwert de genauen Ëmweltimpakt vum Bausecteur hei am Land kënnen z’erstellen?  Gëtt heibäi och den Impakt vun der Gewënnung vun de Ressourcë mataberechent?

  2. Kann bei aktuelle Bauprojeten hei am Land ausgeschloss ginn, dass Sand aus illegalem Ofbau a Bauprojete verwäert gëtt, a wéi gëtt séchergestallt, dass Baumaterialien, wéi Sand, hei am Land aus nohaltegen Ursprong stamen?

  3. Wéi vill CO2 gëtt beim Bau vun neie Wunnunitéiten am Duerchschnëtt hei am Land ausgestouss • pro Quadratmeter Wunnfläch? • pro Wunnunitéit? Wat sinn d’Gesamt Co2-Emissiounen, déi all Joer hei am Land duerch de Bau vun neie Wunnunitéiten entstinn?  Besëtzt d’Regierung iwwerdeems konkret Moossungen, wéi vill CO2-Emissiounen d’Produktioun vu Bëtong pro Joer zu Lëtzebuerg beusprocht?

  4. Et existéieren Alternativen zum Bëtong, bei deenen een d’Hierkonft an d’Wäertketten besser kontrolléiere kéint. Op myenergy.lu steet geschriwwen, dass ee bei der Wiel vu Baumaterialie liicht Konstruktioune virzéie sollt, virun allem aus Holz.  • Wéi eng Alternativen existéieren aktuell hei am Land zu Bëtongsbauten?  • Wéi ginn dës vun der Regierung ënnerstëtzt?  • A wéi vill Wunnengen hei am Land sinn an de leschten 10 Joer ganz ouni den Asaz vu Bëtong gebaut ginn?

  5. Am Klima-an Energieplang (PNEC) widmet ee groussen Deel vu senger Analyse der Energieeffizienz vu Wunnengen an och wéi Ressourcen am Beräich vun der Energie kënnen agespuert ginn. Wéi eng Sektioune vum PNEC gi konkret op de Problem vun net-nohaltëge Ressourcen am Bauwiesen an, a wéi eng Léisungsvirschléi proposéiert d’Regierung fir ze verhënneren, dass eis Logementer op Käschte vun der Ëmwelt an anere Länner gebaut ginn?

  6. Gi bei staatleche Bauten (Fonds du Logement, Gemengen, etc.) Baukrittäre festgeluecht, bei deenen d’Liwwerketten noverfollegt ka ginn?

  7. A Frankräich gouf de 6ten Abrëll den Amendement n°7012 gestëmmt, dee virgesäit, datt ab dem Joer 2028 mindestens 25 Prozent biosourcéiert Materialie bei ëffentleche Bauprojeten a Renovatioune musse benotzt ginn. Bewäert d’Ministesch dës Piste och fir Lëtzebuerg als interessant a wäert d’Regierung een änleche Wee aschloen, wéi Frankräich?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4225

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert