Connect with us

Questions parlementaires

Questions parlementaires iwwert d’Moufflon Kolonien zu Iechternach

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministesch fir Emwelt, Klima a nohalteg Entwécklung weiderzeleeden.

An engem Artikel vum Luxemburger Wort vum 5. Oktober 2019 geet rieds iwwert eng Mufflon-Kolonie déi sech an der Géigend vun Iechternach ophält. Dëss Déieren goufen an de siwwenzeger Joren ausgesat an hunn et fäerdeg bruecht bis haut ze iwwerliewen. Och an der Gemeng Parc Housen, am Norden vum Land, ginn et Mufflon’en, déi héchstwahrscheinlech nach aus dem alen « Wëldpark » vun Housen kommen, deen seng Dieren säit laanger Zäit zougemaach huet. Moufflonen sinn ongeféierlech a stellen keng Gefor fir de Mënsch duer.

Dem Artikel aus dem Luxemburger Wort ass ze enthuelen, datt d’Moufflon‘en allerdéngs fir een net onwesentlechen Wëldschued an de Bëscher ronderëm Iechternach solle responsabel gemaach ginn. D’Moufflon’en sollen erschoss ginn, an dat méiglechst séier. De Buergermeeschter vun Iechternach schätzt de Schued, deen duerch d’Moufflon‘en entsteet, op ronn 100’000 Euro. Hien gesäit se als « invasiv Art », déi – Zitat – « fort muss ». D’Diskussioun ass mëttlerweil souwäit opgehëtzt datt d’Gemeng eng – Zitat – « systematische behördliche Jagd » ugefrot huet. Wann et no der Gemeng Iechternach geet, sollen d’Arméi an d’Police duerch d’Gebitt vun de Moufflon‘en zéien an se all dout maachen. Bis well feelt dofir awer eng Ënnerschrëft vun der Ëmweltministesch.

Een Artikel aus dem Trierer Volksfreund vum 24. Oktober beschreift d’Situatioun eng Grëtz méi differenzéiert. Am Artikel kënnt den Eifeler Kreisjagdmeister zu Wuerd. Hien gesäit d’Situatioun anescht. Him ass net bekannt, datt Moufflon’en géifen sou een groussen Schued uriichten an hien kritiséiert an deem Kontext d’Fuerderung no engem systemateschen Ofschoss. Laut dem Kreisjagtmeister géif eng Ofschossaktioun « de Steierzueler dausenden vun Euro kaschten an héchstwahrscheinlech keen Effet hunn».

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:

1. Madamm Ministesch, wéi vill Gebidder ginn et aktuell zu Lëtzebuerg, wou Moufflon’en liewen an wéi gedenkt Dir dës Déieren an Zukunft virum Ausrotten ze beschützen ?

2. Falls Dir effektiv géift wëllen géint dës Moufflon-Kolonien virgoen, sinn dann och aner Kolonien, wéi zum Beispill déi am Parc Housen betraff?

3. Madamm Ministesch, wäert dir d’Moufflon‘en aus der Iechternacher Géigend fir den Ofschoss fräi ginn ? Wa jo, kënnt Dir Iech sécher sinn datt d’Argumenter dofir fondéiert sinn ?

4. Madamm Ministesch, sinn déi vum Iechternacher Buergermeeschter genannten Chifferen (100.000 Euro Schued) exakt? Wéi kommen d‘Gemengevertrieder, ärer Meenung no op dës Zuelen ? Rechtfäerdegen dës Zuelen een Ausrotten vun enger Aart, déi keng Gefor fir de Mënsch duerstellt ?

5. Kënnt Dir, Madamm Ministesch, confirméieren wat den Här Kreisjagdmeister aus der Eifel seet ? Wat géif eng systematesch Juegd op d’Moufflonen duerch d’Police an d’Arméi de Steierzueler kaschten ?

6. Madamm Ministesch, fannt Dir eng Aktioun vun der Police an der Arméi an deem Kontext net e wéineg demuseréiert ? Steet d‘Madamm Ministesch der Iddi vun enger „Chasse administrative“ favorabel géigeniwwer?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert