Connect with us

Questions parlementaires

Solardiecher iwwert den Autobunnen – eng Méiglechkeet fir Lëtzebuerg?

Am Kader vum Paräisser Klimaaccord mussen d’Zäregasemissiounen an den nächste Jore massiv erofgesat ginn. Konsequenterweis muss eis Gesellschaft dofir onbedéngt de Verbrauch vu fossille Ressourcen a kierzester Zäit reduzéieren an op laang Dauer evitéieren. Eng grouss Chance gëtt dobäi an Technologien wéi der Photovoltaik gesinn, fir d’Energiewend zu Lëtzebuerg, an Europa an op der ganzer Welt ze realiséieren. D’Photovoltaik kënnt aktuell virun allem op den Diecher vu Gebaier souwéi a spezielle Photovoltaikparken zum Asaz. Der Notzung vun der Energie sinn awer keng Grenze gestallt. Op der „Österreichische Fachtagung für Photovoltaik und Stromspeicherung“ vum 3ten Dezember 2020 gouf d’Iddi presentéiert, fir Photovoltaikanlagen iwwert den Autobunnen z’installéieren. Wéi d’Plattform stern.de beriicht, kéinten esou an Däitschland pro Joer 57 Terrawattstonne produzéiert ginn. Dat entsprécht méi wéi 10% vum gesamten däitsche Stroumverbrauch. Wëssend, dass d’Terrainen an dësem Fall och schonn dem Staat gehéieren, wier et och relativ einfach, esou Anlagen op den Autobunnen opzebauen – natierlech ënnert der Berécksiichtegung vu sécherheetstechneschen Aspekter.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi positionéieren sech d’Ministeren zu der Iddi, flächendeckend Photovoltaikanlagen iwwert de lëtzebuergeschen Autobunnen z’installéieren?

  2. Ginn et scho konkret staatlech Projeten, déi an dës Richtung wëlle goen?  Falls net, schléissen d’Ministeren aus, dass de Staat an Zukunft an esou Projeten investéiere wäert?

  3. Wéi eng sécherheetstechnesch Aspekter misste bei esou engem Projet berécksiichtegt ginn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4324

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert