Connect with us

Questions parlementaires

Verschwonne mannerjäreg Flüchtlingen – Nofro

An der parlamentarescher Fro n°4107 hat ech opgrond vu Recherchen duerch ë.a. der brittescher Zeitung „The Guardian“ nogefrot, wéi vill mannerjäreg Flüchtlingen zu Lëtzebuerg aus der Ophutt vum Staat verschwonne sinn. D’Ministeren hunn erkläert, dass 75 Mannerjäreger verschwonne sinn, éier d’Asyl-Prozedur lancéiert war, an dass 12 Mannerjärege verschwonne sinn, nodeems si hier Demande fir Asyl agereecht haten. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Mannerjäreg, déi wéinst enger Asyldemande virstelleg goufen oder dës schonn agereecht haten, goufe säit 2016 als vermësst gemellt, mee konnten duerno erëm fonnt ginn? Wéi vill vun dëse Kanner sinn eng 2te Kéier verschwonnen?

  2. Wat ënnerhëllt d’Regierung, fir d’Situatioun ze verbesseren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4310

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert